Ce qu’un kilomètre mobilise

Cet atelier de deux heures s’adresse aux élèves du secondaire de 14 à 19 ans. Cet atelier de deux heures transforme le kilomètre en objet d’enquête. Les élèves découvrent qu’un déplacement mobilise des infrastructures, de l’énergie, des matières, du travail, de la maintenance et des règles, bien au-delà du véhicule visible.

À partir de situations fictives, de supports manipulables et d’un travail en petits groupes, les élèves :
• définissent une unité de comparaison et une frontière de système
• inventorient les éléments d’un cycle de vie sans confondre données, hypothèses et inconnues
• qualifient les affirmations et repèrent les informations manquantes
• comparent une situation de base et une variante sans réduire l’analyse à un score unique.

La production finale est une carte d’enquête du « kilomètre mobilisé », révisable à mesure que de nouvelles preuves apparaissent. L’évaluation porte sur la capacité à observer, relier, argumenter, coopérer et réviser une proposition ; elle ne porte jamais sur les pratiques individuelles des élèves.

L’atelier est entièrement réalisable sans outil numérique. Aucune donnée personnelle de déplacement n’est demandée.

FIRST LEGO League Challenge – Luxembourg

Am Mëttelpunkt vun der FIRST LEGO League Challenge steet d’kollegial Konkurrenz, wou Gruppe vu maximal 8 Schülerinnen a Schüler tëschent 8 a 16 Joer sech mat Fuerschen, Problemléisen, Programmatioun an Technik beschäftegen, andeems si ee Lego-Roboter programméieren, dee Missioune vun engem Robot Game bewältege soll.

D’FIRST LEGO League verëffentlecht all Joer eng nei Challenge, déi sech op ee wëssenschaftlecht Thema baséiert. Duerch d’FIRST LEGO League Challenge kënnen d’Schülerinnen a Schüler net nëmmen hir STEAM-Fäegkeeten (science, technology, engineering, arts and mathematics) entwéckelen, mee och kritescht a logescht Denken uwenden, fir als Grupp un engem spannenden, missiounsbaséierte ‚Robot Game‘ deelzehuelen. Méi Informatioune ginn et ënnert dësem Link.

D’Schülerinnen a Schüler fänken am Ufank vum Schouljoer un, um Projet ze schaffen an no enger nationaler Qualifikatioun mat uschléissend grousser Finall ginn déi éischt dräi bis fënnef lëtzebuerger Teams an d’Belsch an trieden do géint déi 20 bescht belsch Equippen un.

Den Dag vun der Competitioun besteet fir all Equipe aus zwee wesentlechen Deeler. Dat ass zum engen de ‚Robot Game‘ an zum aneren d’Presentatioun vum individuellen ‚Innovation Project‘.

  • Robot Game

Wärend der Virbereedungsphas an de Schoulen, déi offiziell am Oktober ugeet, muss all Equipe ee Roboter no de Virschrëfte vum Spill entspriechend designen a bauen. Uschléissend kënnen all d’Kanner hir Programméierfäegkeeten entwéckelen, wärenddeems si mat hirem Roboter um Spillfeld probéieren, déi eenzel Missiounen ze erleedegen. Um Dag vum Concours bestreit all Equipe beim ‚Robot Game‘ dräi Matcher vun allkéiers zwou an enger hallwer Minutt, fir sou vill Missiounen ewéi méiglech ze meeschteren a Punkten ze erspillen.

  • Innovation Project

Beim ‚Innovation Project‘ fuerschen d’Kanner zu engem Theema aus hirem Interessegebidd, formuléieren eng Fuerschungsfro, consultéiere verschidde Sourcen an Experten a bereeden eng uspriechend Präsentatioun vir, fir d’Resultater vun hirem ‚Innovation Project‘ engem Jury virzestellen.

FIRST LEGO League

D’FIRST LEGO League gouf duerch eng Partnerschaft tëschent FIRST (For Inspiration and Recognition of Science and Technology) a LEGO Education am Joer 2001 gegrënnt. 3.700 Evenementer, un deenen 110 Länner a méi wéi 679.000 Participanten deelhuelen, ginn all Joer vun der FIRST LEGO League initiéiert.

Fir Lëtzebuerg organiséiert de SCRIPT a Kollaboratioun mat der Voka (Flanders‘ Chamber of Commerce and Industry) aus der Belsch dës Competitioun.

Kontakt: fll@script.lu