1001 Paangecher an de Mound

D’Sofia a säi klenge Brudder Amir gi vun enger Hex an hiert Haus gelackelt. Den Amir gëtt agespaart, mee d’Sofia ka fortlafen.

De Mound hëlleft dem Sofia, den Amir ze befreien. Hie gëtt him e Bréif fir d’Hex mat engem Rezept fir Paangecher ze maachen. Dovun ësst d’Hex der souvill, datt se opleeft wéi e Ballon, a fortflitt.

Mat Rezepter fir d’Paangecher nozebaken.

De Storch vun deem ech mäi Brudder krut

E klengt Meedchen erzielt, wéi säi klenge Brudder bei hatt an d’Famill kënnt, net mam Storch an net aus dem Kabes, mee mam Fliger…

Eng Geschicht iwwert d’Adoptioun. 

Catchdonnerwieder

An der Catcher-Famill catcht zënter Jore jiddereen, souguer den Hond. De Peter wëllt awer léiwer danzen, mee dat gefält der Famill net.