Fënnef Virliesgeschichten, déi all ronderëm d’Theema Bësch dréinen, ginn an dësem Buch presentéiert. Well se eppes méi laang sinn, sinn se éischter fir méi grouss Kanner geduecht.
Am verréckte Bësch : fënnef Geschichten
Fënnef Virliesgeschichten, déi all ronderëm d’Theema Bësch dréinen, ginn an dësem Buch presentéiert. Well se eppes méi laang sinn, sinn se éischter fir méi grouss Kanner geduecht.
Fënnef Virliesgeschichten, déi all ronderëm d’Theema Bësch dréinen, ginn an dësem Buch presentéiert. Well se eppes méi laang sinn, sinn se éischter fir méi grouss Kanner geduecht.
D’Routschwänzche fléien all an de Süden, mee de Willy huet nach Angscht. Hie weess net, ob hien de Wee fënnt.
Wéi hie moies waakreg gëtt, ass hien op eemol ganz aleng am Nascht. Elo huet hie keng Wiel a muss sech op d’Rees maachen, fir seng Famill erëmzefannen…
De klenge Raffi huet de ganze Mëtteg mat sengen neie Frënn am Schnéi gespillt. Well hien awer net waarm genuch ugedoe war, ass hie lo krank.
All Dag komme seng Frënn hie besichen a bréngen him e waarmt Kleedungsstéck mat, fir datt hie séier rëm gesond gëtt. Sou léiert hie ganz niewebäi, wéi ee sech am Wanter kleede soll.
De grousse Kolja an dat klengt Galina liewen a Russland. De kale russesche Wanter steet vrun der Dier. Déi zwee Kuebe fänken un dorëmmer ze fléien a begéinen allerlee Déieren, déi hinne gutt Rotschléi ginn, wéi si de Wanter iwwerstoe kënnen. De Schmuebelen hire Rot gefält hinnen natierlech am beschten.
Am Buch läit en CD, op deem d’Geschicht op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch a Russesch erzielt gëtt. Och 18 Lidder mat Texter vum Dany Gales, arrangéiert vum Bob Morhard a Judith Lecuit sinn op dem CD.
Als Bäilag ass am Buch den Text vun der Geschicht op Däitsch a Franséisch, an den Text vun de Lidder.
O wat Mënschen, al Lëtzebuerger Soen, den Till Eilespigel, de Max an de Moritz, dat sinn d’Ënnerdeelunge vun dësem Heft mat Gedichter.
16 Wilhelm-Busch-Geschichten op Lëtzebuergesch iwwersat.
Vum Jang Huppebeen iwwert de Jänni Daimerlek an den näischtnotzege Pitti bis bei de Plätsch an de Plomm.
Stonn ëm Stonn hëllefen d’Kanner dem Ee an duerno dem klengen Uhu.
E Buch fir matzemaachen, ze spillen, eng Auer ze bastelen a sou d’Auer kennenzeléieren.
D’Orangi ass e klengt Meedchen, dat gären dreemt a sech déi komeschst Geschichten ausdenkt. Mee iwwert dem Dreeme vergësst hatt alt emol d’Zäit, handelt sech sou munnech Problemer an, an déi aner Kanner maachen de Geck mat him.
A sengen Dreem léiert hatt Déiere kennen, deenen et och bal sou geet wéi him selwer.
Hannen am Buch fënnt en intresséierten Erwuessenen Ureegunge fir Gespréicher, fir en Theaterstéck mat Lidder, an en CD.
De klenge Bier gesäit iwwert der Mauer faarweg Punkten. Komesch, datt déi ëmmer nees verschwannen, wa seng Frënn grad do sinn. Wat kéinten déi Punkte wuel sinn ?
D’Geschicht gëtt begleet vun engem Aktivitéitebuch.
De Pappa versicht, sengem Meedchen ze hëllefen, verschidden Ängschte mat e bësse Fantasie ze iwwerwannen.
Dëst Buch bitt keng kontinuéierlech Geschicht, mee eegent sech, fir mat jonke Kanner iwwer eenzel Ängschten ze schwätzen.