D’Zoe, Draachen a Siweschléifer : dem Zoe seng Geschichten 2
An dësem Buch stinn dräi nei Geschichte vum Zoe.
An der Geschicht „Chinatown“ léiert dem Zoe seng Mamm chinesesch kachen. An der Geschicht „Picken a Panzeren“ huet d’Zoe eng Deckelsmouk fir Chrëschtdag geschenkt krut. An där drëtter Geschicht, déi „Siweschléifer“ heescht, erzielt d’Zoe, datt hatt mueres guer net sou gär opsteet a guer net sou gär an d’Schoul geet. Hatt hëlleft da léiwer nach séier der Nopesch.
An der Geschicht „Chinatown“ léiert dem Zoe seng Mamm chinesesch kachen. An der Geschicht „Picken a Panzeren“ huet d’Zoe eng Deckelsmouk fir Chrëschtdag geschenkt krut. An där drëtter Geschicht, déi „Siweschléifer“ heescht, erzielt d’Zoe, datt hatt mueres guer net sou gär opsteet a guer net sou gär an d’Schoul geet. Hatt hëlleft da léiwer nach séier der Nopesch.
E Fuuss plënnert am Oinki säin Duerf. All Moies huet hien näischt Besseres ze dinn, wéi ze probéieren, d’Gäns Quaki a säin Dëppen ze kréien, schliisslech ësst hien am léifste Gänsebrot.
D’Oinki a seng Frënn kënnen deem Gejos geschwënn net méi nokucken. D’Quaki deet hinne leed. Do huet d’Oinki eng wonnerbar Iddi, wéi hatt de Fuuss op aner Gedanke brénge kann.
„Winnie-the-Pooh“ ass e Klassiker vun der englescher Kannerliteratur. De Bier Winni-Pu, wéi en op Lëtzebuergesch heescht, den Teddybär vum Christopher Robin Milne, dem Auteur sengem Bouf, ass ee vun de berühmteste Bieren iwwerhaapt. An duerch d’Kannerbicher tapse vill Bieren!
Mir kënnen an dëse Bicher d’Erliefnesser liese vum Christopher Robin mam Winni-Pu, dem Iesel Iih-Aah, dem Fierkel Tinnchen a villen aneren Déiren.
D’Fierkel Oinki geet duerch de Bësch a begéint allerhand Déieren, déi et da freet, ob si wëlle mat him spillen. Et ass net sou einfach, e gudde Frënd ze fannen!
De klengen Här Bellibimbam ass zefridde mat sech a mat der Welt. Enges Daags schellt de groussen onbekannte Monsieur Lugaru u senger Dier. Den Här Bellibimbam gëtt him eppes z’iessen a léisst hie bei sech iwwernuechten. Dëst gefält sengen Noperen awer guer net…
Eng Geschicht déi eis weist, wéi schéin et ka sinn, frieme Leit an Nout ze hëllefen a wéi bornéiert et ass, Virurteeler esou wichteg ze huelen. Jee nom Alter vun de Kanner kann d’Geschicht op ënnerschiddlech Niveaue gelies a beschwat ginn.
Der Kou Muhna Lisa an hire Frëndinnen ass d’Liewen op der Wiss ze langweileg. Déi eng dreemt dervun, fir am Mier ze dauchen. Déi aner géif gären eng Kéier op de Mount Everest klammen. D’Muhna Lisa dreemt vum Fléien.
Dëst Buch gëtt ët och op Däitsch an op Franséisch.
Den Tel Mo ass e portugisesche Jong deen déck Problemer huet – saï Papp deen en immens vermësst ass zréck a Portugal, seng Mamm ass nei bestuet a just ëm hiren “Neie” besuergt, vun deem si awer geschloe gëtt. Hien ass fort vun doheem, am Foyer – an och wann et tragesch a schlëmm ass wat e gemaach hutt fir dohinner ze kommen, versteet den Auteur, mat senger direkter Sprooch, Empathie beim Lieser ze schafen.
D’Buch mat senger deels krasser Sprooch ka fréistens vu Kanner vum Enn vu Cycle 4 gelies ginn.
Den Hu, eng kleng Eil, begéint an der Nuecht engem klenge Gespenst. Zesumme maachen si en Tour iwwert d’Land. Wéi si um Daach vun engem Haus raschten, gesi si, wéi e Raiber aus engem Haus eraus schläicht, mat engem Sak voll geklauter Saachen um Réck. Deen hat awer net mat deem klenge Gespenst gerechent…
De Pit ass ëmmer gespaant drop, dem Barry Lee seng fantastesch Geschichten ze héieren. Deen ass nämlech de gréisste Geschichtenerzieler aus dem Duerf. Hien erzielt ëmmer nees dem Pit, datt säi Papp als Piratekapitän an Uruguay schafft. Enges Daags huelen déi zwee Bouwen en zolitt Schlauchboot a maachen sech op de Wee no Uruguay. Fir d’éischt geet et iwwert d’Péitruss, dann iwwert d’Uelzecht an dann…
D’Buch ass eng Geschicht iwwer d’Frëndschaft, d’Fantasie, d’Verlaangeren an den Doud.