Am Zoo kënnt e sibireschen Tiger op d’Welt, de Kiran. Et stellt sech eraus, datt de Kiran eng wonnerschéi Stëmm huet, a ganz séier ass hien d’Haaptattraktioun vum Zoo.
Bei engem Feier am Zoo stierft dem Kiran seng Mamm. Zesumme mat senge Frënn Indira, engem Afemeedchen, a Philomenia, engem Papagei, ass de Kiran elo fräi. Mä déi Fräiheet gefält him net esou gutt, hie vermësst säi Publikum, deem hien eppes virsange kann.
Dofir gëtt hie seng Fräiheet op a geet an den Zirkus. Eng Entscheedung, déi hien nach bereie wäert.

De klenge roude Léiw ass e Kinnekskand an däerf net bis vrun d’Schlassdier goen. Dat ass en zimlech langweilegt Liewen, an eist Kinnekskand wëll an déi grouss Welt eraus a wëll esouguer fléie léieren.
Ënnerwee begéint de klenge roude Léiw glécklecherweis och richtege Frënn.
Hannen am Buch ass den Text an dräi Sproochen iwwersat: Franséisch, Englesch an Däitsch.