Och Monstere wäschen sech d’Zänn!

E klengt Meedche wëllt sech einfach net d’Zänn wäschen,… bis zu deem Dag, wou hatt e Monster begéint, dat him sou munches erkläert…

Dës Geschicht iwwerzeegt ganz sécher jiddwer Kand, datt ee sech d’Zänn wäsche muss.

E Cadeau fir den Ieselchen

Et ass d’Nuecht op de 6. Dezember. De Kleeschen ass prett, fir mat de Cadeaue bei d’Kanner ze goen. Mä säin Ieselche wëll net. Hien huet d’Flemm, ëmmer nëmme Cadeauen auszedeelen, awer selwer keen ze kréien. De Kleesche versprécht him e wonnerbare Cadeau, wa se hir Tournée mat zäite fäer deg kréien. Den Ieselche léisst sech drop an.

D’Milli Bei

Mat der Geschicht vum Milli, där klenger virwëtzeger Bei, déi sech eppes traut, gëtt een an engems munches iwwert d’Liewen am Beiestack gewuer.

Wann ech grouss sinn, da ginn ech e Pompjee

Den Oscar wëllt onbedingt e Pompjee sinn. Well hien awer net fir een Asaz geruff gëtt, mécht hie sech selwer op de Wee, fir ze hëllefen, wou een an Nout ass.

Och wann et am Ufank e puer Mol e bëssen dernieft geet, beweist hien awer am entscheedende Moment ganz vill Courage.

Klengen Indianer

Fir e richteg gudden Indianer-Numm ze kréien, muss de klengen Indianer eppes ganz Extraes leeschten, mee d’Bisone maachen sech duerch d’Bascht, eng Adlerfieder an en Zant vum Bier kritt en och net, an e bréngt et och net fäerdeg, e Feil duerch e Cowboyshutt ze schéissen.

An trotzdeem, wéi en nees heem kënnt, gëtt hie vu sengem ganze Stamm wéi en Held gefeiert. 

D’Geschicht vum Hellegen Niklos

Déi bekannte Geschicht vum Hellegen Niklos, ganz traditionell erzielt a grafesch flott presentéiert, an enger vereinfachter Versioun fir déi Kleng.

Charly

De klenge Sheriff Charly huet säin éischte Mauszant verluer an e stéisst sech duerfir ganz staark beim Schwätzen.

Dat mécht et fir hien net esou einfach, d’Raiber am Cactus-Dällchen ze fänken. Déi verstinn hien net a laache sech futti. De Charly verléiert de Courage.

Wat soll hien nëmme maachen, fir sech Respekt ze verschafen?

A firwat sinn d’Wëllef dann esou béis?

Eigentlech huet de Wollef dat klengt Schof nëmme frëndlech ugelaacht. Mee well hatt sou grouss Zänn nach ni gesinn hat, erféiert hatt a mengt, de Wollef wëllt hatt friessen. Et erzielt senge Frënn, de Schwäin, vun deem béise Wollef, an déi erzielen et weider. A well jo ëmmer e bëssen iwwerdriwwe gëtt, gëtt d’Geschicht vum Wollef ëmmer méi grujeleg.

Den Tun wëllt en neie Pappa hunn

Well den Tun et zimlech langweileg fënnt, fir all Dag mam Pappa Bier datselwecht z’ënnerhuelen, wëll hie sech en anere Pappa sichen.

Wéini ass Niklosdag?

De Michel an de Patrick waarde ganz ongedëlleg op Niklosdag. Si stellen de Schong eraus, bliederen d’Spillsaachekatalogen duerch a maache schonn hir Lëscht.

Hoffentlech bréngt de Kleeschen dëst Joer de Roboter, deen si sech sou gewënscht hunn…