D’Sandmeedchen : eng Posch voller Dreem

Well de Sandmännchen a Pensioun geet, ass et u senger Duechter, dem Sandmeedchen, seng wichteg Aarbecht ze iwwerhuelen. Elo soll hatt de klenge Kanner Sand an d’Ae streeën, fir hinne schéin Dreem ze schenken.

Mä dem Sandmeedche seng Kusinn – d’Nuecht – mécht him do e Stréch duerch d’Rechnung. D’Nuecht fillt sech nämlech eleng, well d’Kanner da schlofen a kee mat hir spillt. Dofir klaut d’Nuecht dem Sandmeedche seng Posch mam Sand.

Wéi soll d’Sandmeedchen dann elo d’Kanner un d’Schlofe kréien?

Mat Hëllef vun enger App kënnen déi kleng Kanner d’Geschicht mat „Augmented Reality” erliewen.