An dësem Billerbuch mat Klappe léieren déi ganz Kleng bis 20 zielen: net nëmmen déi Kazen, déi si direkt op enger duebeler Säit gesinn, mee och nach déi, déi sech hannert de Klappe verstoppen.
An dësem Billerbuch mat Klappe léieren déi ganz Kleng bis 20 zielen: net nëmmen déi Kazen, déi si direkt op enger duebeler Säit gesinn, mee och nach déi, déi sech hannert de Klappe verstoppen.
An dësem Billerbuch mat Klappe léieren déi ganz Kleng bis 20 zielen: net nëmmen déi Kazen, déi si direkt op enger duebeler Säit gesinn, mee och nach déi, déi sech hannert de Klappe verstoppen.
Wat kann een alles deelen? Firwat gëtt et Reegelen? Wéi passe mir openeen op a wéi kënne mir aneren hëllefen? Dëse klenge Biller-Lexikon gëtt Erklärungen zum friddlechen Zesummeliewen am Alldag vun de Kanner. D’Buch huet haart Säiten an illustréiert eenzel Zeenen hannert klenge Klappen.
Zéng kleng Raupe sëtzen op eng Blat, frupsen sech sat a stellen sech vir, wéi se wuel spéider als Raup wäerten ausgesinn. Si sinn all ënnerschiddlech a prächteg.
Just de klenge Pit ass einfach nëmmen unis brong. Hie schwätzt net mat, well hien et genéisst, einfach op engem Blat an der Sonn ze sinn.
Wou komme mir hir ? Wéi fillen, schmaachen a riche mir? Firwat musse mir ëmmer d’Zänn wäschen?
Op dës an nach aner Froe kréien d’Kanner an dësem klenge Sachbuch mat haarde Säiten a Klapp-Elementer Äntwerten.
An dësem klenge Buch mat haarde Säite verstoppen sech Déieren hannert grousse Klappen.
Déi ganz Kleng kënnen och lauschteren, wat fir e Geräisch dës Déiere maachen.
An dësem klenge Buch mat haarde Säite kënnen déi ganz Kleng fir d’éischt lauschteren, wat fir e Geräisch en Déier mécht. Da gëtt d’Säit weider opgeklappt fir d’Bild vum Déier z’entdecken.
Dëst Buch mat haarde Säiten enthält virgestanzten Deeler, déi d’Kanner zu engem Déier zesummesetze kënnen. Op all duebel Säit ass och e Fakte-Blat zum entspriechenden Déier. Esou léieren si interessant Fakten iwwer verschidden Déieren, déi an Afrika liewen.
Am Ufank vu sengem Liewen ännert de Friggi bal al Dag säin Ausgesinn a seng Form. Dat fënnt hie flott. Déi stänneg Ännerunge fënnt hien immens spannend. Et gëtt ëmmer eppes Neies z’entdecken.
Wéi hien awer bis e Fräsch ass, a sech net méi verännert, ass hien zimmlech enttäuscht. Fräsch sinn ass dach langweileg. Oder éieren net?
Am Haus sinn Dinosaurier verstoppt, mee géi op kee Fall op d’Sich oi hinnen!
D’Geschicht stëppelt d’Kanner op fir d’Klappen am Pop-up-Buch opzemaachen an esou déi lëschteg Dinosaurier ze entdecken.
Eng Hong weist säi Familljenalbum fir ze beweisen… datt et en Dinosaurier ass! Wéi? Sinn dir nach ni seng Dinosaurierféiss opgefall?
Ma de gëtt et Zäit, datts du dir dësen Album ukucks!