De Kofi ass e Kand aus Ghana. Hien ass prett fir säin éischte Schouldag. Hie krut eng Schouluniform an nei Schong. Hie muss selwer en Dësch an e Stull mat an d’Schoul bréngen. Dem klenge Kofi säi grousst Virbild ass de Kofi Annan, fréiere Generalsekretär vun der UNO, deen 2001 de Friddensnobelpräis krut.
Dir fannt am Buch och eng däitsch, franséisch, englesch a portugisesch Iwwersetzung vun der Geschicht.
De Kofi ass e Kand aus Ghana. Hien ass prett fir säin éischte Schouldag. Hie krut eng Schouluniform an nei Schong. Hie muss selwer en Dësch an e Stull mat an d’Schoul bréngen. Dem klenge Kofi säi grousst Virbild ass de Kofi Annan, fréiere Generalsekretär vun der UNO, deen 2001 de Friddensnobelpräis krut.
Dir fannt am Buch och eng däitsch, franséisch, englesch a portugisesch Iwwersetzung vun der Geschicht.
D’Déiere beim Weier an am Bësch reege sech op iwwert dee villen Dreck, deen doruechter läit a si a Gefor bréngt: Plastikstuten, Béchsen, Fläschen… Si mussen eppes ënnerhuelen.
Hannen am Buch ass d’Geschicht och op Franséisch an op Däitsch iwwersat.
Op der Sich no senger Mamm a sengem Brudder, déi op geheimnisvoll Aart a Weis verschwonne sinn, sinn d’Lilly a seng Frënn nees zu TULIROSE ukomm. Si wëssen hirer Hänn kee Rot méi. Wou sollen si nach sichen? Dat magescht Buch awer hëlleft hinne weider. Si reesen duerch ongewinnte Länner an erliewe spannend Abenteuer.
D’Geschicht ass am Buch op Lëtzebuergësch, Däitsch a Franséisch erzielt.
„Wat war geschitt? Et huet säi Rucksak niewent sech op de Buedem gesat. Et huet di aner héieren haart duerchernee schwätzen. Heiansdo war e Kräischen ze héieren. D’Lilly war net dat Eenzegt, dat gekrasch huet.“
Eng fantastesch Geschicht an 3 Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch.
Dës klassesch Geschicht spillt an England, am Mëttelalter. En aarmen Duerfjong, den Dick, mécht sech op de Wee op London, well hien héieren huet, d’Gold géif do op der Strooss leien. Do geréit hie leider awer un déi eekleg Käche Kate, déi him d’Liewe richteg schwéier mécht.
Et ass duerch eng Kaz, déi den Dick keeft, fir der Maisplo Meeschter ze ginn, awer och duerch seng Guttheet a säi Vertrauen an eng besser Zukunft, datt sech säi Liewen ännert.
Den Theo ass e Storch, dee fäert fir ze fléien. Wéi et Hierscht gëtt, flitt seng ganz Famill fort an hie bleift aleng. Awer net laang, well hie fënnt e Frënd, deen him e gudden Trick verréit, wéi hie seng Angscht vrum Fléien iwwerwanne kann.
Hannen am Buch steet d’Geschicht an enger méi laanger Versioun op Däitsch an op Franséisch.
Dräi Reendrëpse sëtzen an hirer Wollek a kucken op d’Äerd erof, bis si op eemol aus der Wollek erof op de Buedem falen. Mä och do geet hir Rees ëmmer weider.
De Knäppchen ass dem Julie säin alen Teddy. A sou gesäit hien och aus. Mä hie kann déi schéinste Geschichten erzielen. De Bopa schenkt dem Julie en neien Teddy, schéi kuscheleg mëll a blénkeg brong, en Dram. Mä owes beim Schlofegoe mierkt d’Julie, datt den neien Teddy näischt erziele kann, hien huet näischt erlieft.
Hannen am Buch steet d’Geschicht op Däitsch an op Franséisch.