An nees sinn et 39 Geschichten, an deenen d’Kätt seng Erliefnesser erzielt. D’Famill Musch huet nei Nopere krut, eng portugisesch Famill. Hunn déi lo en Zebra an hirem Schapp stoen oder net?
De Panzi léiert „Béier“ op Portugisesch soen, kritt en Hond, dee Kawakku heescht a verléift sech an d’Golkipperin Pupu Pinelli.
Dem Kätt säi Papp versicht sech a verschidde Beruffer, hie schafft zum Beispill op der Stréchmolmaschinn an als Wahrsager. Kann hien da wéinstens kachen, vläicht Schabbagetti bollonasi?
Dem Kätt säi klenge Frënd ass de braven, fäerteregen Ändi. A wat sinn dat da fir Tippen, de moderne Mulles an de luesen Zaff?
39 Geschichte mat bekannte Persounen:Mam Kätt, dat elo awer schonns erwuessen ass an Zwillinge kritt huet, mat sengem Papp a mam Panzi. Si mussen sech mat allerhand Problemer erëmklappen.
An dësem Band mat 39 Geschichte vum Kätt, gesi mir d’Haaptfiguren aus „Muschkilusch“ an „Zebra Tscherri“ erëm.
D’Catherine huet elo 11 Joer, mol ass et Béibizitta bei där klenger Zatz Susi, mol huet et 50 Grad Féiwer, mol spillt et mam Rosch am Bulli, mol sëtzt et beim Lute-Liddi, dem Papp senger neier Flam, um Schouss.
Mir léieren och e puer apaart Déiere kennen: zum Beispill d’Giraff Zuleima, déi de Panzi an enger Tombola gewonnen huet an d’Kaz Fuzzi, déi op e Kaze-Concours goe soll. Dofir soll si léiren, mat engem Stréihallem hir Mëllech aus der Jatt ze suckelen. D’Madamm Feierstein rifft ëmmer: Sch…..! Wat se do rifft, gëtt elo net verroden.
Mäxitäxi ass e Jubiläumsbuch fir „15 Joer Guy-Rewenig-Bicher fir Kanner“ (1990-2005). Op ronn 260 Säite kann ee queesch duerch dem Guy Rewenig seng Kannerbicher liesen.
Et sinn och eng Rei onverëffentlecht Geschichten an dräi Sproochen am Buch.
All Erfindung vum Erfinder Rattatu Pallabu gëtt eng richteg Katastrof. Vläicht soll hie léiwer d’Fanger dovun ewechloossen, dem Suckelbouf Lubbi Lemmer eng nei Suckel ze erfannen.
Wéi fonktionéiert iwwerhaapt seng Reimknätzelmaschinn? Wat mécht dann den Hamster Libella Bitsch beim Här Pallabu? Dee gehéiert dach dem Wonnerkand Zilli Balozzi. Dat sicht en iwwerall.
D’Sandra ass frou mat engem staarke Mann, de Samuel ass frou mat enger fläisseger Fra, dee klenge Filip ass frou mat sengem Teddybier…
Mä, dee staarke Mann, déi fläisseg Fra, den Teddybier… alleguer hu se en Nodeel. Deen ee seet alles dräi mol, dem Samuel seng grouss Léift ass an engem Stéck amgaang ze streiden, an den Teddybier verkuckt sech an en aneren Teddybier.
Sou entsti 26 Geschichten iwwert d’Léift, déi schrecklech komplizéiert an och schrecklech komesch ka sinn. A wat et mam Lawweli Lulatsch op sech huet, dat gëtt een och am Buch gewuer.