De Bill ass ee ganz aussergewéinlech Mupp. Hien ass flénk, staark, kreativ, ka schwammen, sprangen, a souguer strécken, miauen a fléien. Och liesen a schreiwe kann dee sympathesche klenge Mupp.
Dat eenzegt, wat hien net kann, ass billen. Mee ass dat esou schlëmm? Eigentlech net!
D’Geschicht kann och unhand vun engem QR-Code gelauschtert ginn an hannen am Buch ass och dem Bill säi Lidd.
De Bill ass ee ganz aussergewéinlech Mupp. Hien ass flénk, staark, kreativ, ka schwammen, sprangen, a souguer strécken, miauen a fléien. Och liesen a schreiwe kann dee sympathesche klenge Mupp.
Dat eenzegt, wat hien net kann, ass billen. Mee ass dat esou schlëmm? Eigentlech net!
D’Geschicht kann och unhand vun engem QR-Code gelauschtert ginn an hannen am Buch ass och dem Bill säi Lidd.
De Pit erlieft d’Welt anescht wéi déi aner Kanner: hie reagéiert dacks besonnesch sensibel oder jäizt scheinbar ouni Grond. Seng Mamma erkläert mat vill Fangerspëtzegefill, datt hien ebe besonnesch ass.
An dësem Billerbuch léieren d’Kanner duerch Alldagszeenen, wat et bedeit, Autismus ze hunn. D’Buch sensibiliséiert op eng beréierend Aart a Weis a weist, wéi eenzegaarteg jidderee vun eis eigentlech ass.
Op eenzelne Plazen am Buch taucht e klengen Tëntefësch op, deen op eng Erklärung zum Theema Autismus hannen am Buch verweist.
Et ass Wanter, et ass kal an et läit Schnéi. De Grousse Wisel Lila kënnt ganz verzweifelt bäi d’Sasha, wëll e gëschter am Bësch seng grouss Schwëster Mila verluer huet. D’Sasha, de Flint an de Lila maachen se direkt op d’Sich an eemol fanne si dem Mila säi roude Bracelet. Eng léif Geschicht iwwert d’Hëllefen. D’Buch gëtt et och op Franséisch, Däitsch an Englesch.
D’Sascha an de Flint entdecken am Gaart e Schwarm Beien op der Sich no enger neier Plaz, fir hiert Nascht ze bauen. Zesumme mat der Beiekinnigin maachen si sech op de Wee fir dës Plaz ze fannen. Mee dat ass net esou einfach.
Et gouf ee Meedchen, dat kee konnt gesinn, oder jiddefalls bal keen. Jiddereen huet sech ëm seng Schwësterche bekëmmert an ëm aner Saachen. Bis op eemol alles ännert.
De klenge Männchen ass giel wéi d’Sonn, an iwwerall wou hien optaucht, fänken d’Leit un ze laachen. Dat mécht hien esou traureg, datt hie guer nët méi aus sengem gielen Haus erausgoe wëllt. Hie mengt jo, d’Leit géifen hien auslaachen. E klenge Bouf hëlleft him ze erkennen, datt d’Leit nët iwwert hien, mee wéinst him laachen, well hien si frou mécht.
D’Geschicht ass op Lëtzebuergesch an op Franséisch erzielt.
De Schocki ass e klengt Monster, ëmmer um Maude senger Säit, fir op hatt opzepassen, mee d‘Maude weess dat net. An d’Maude fillt sech am Moment net wuel a senger Famill an och net an der Schoul. Dem Schocki no spannen déi alleguer.
D’Maude zitt sech vun allen zréck, vu senge Klassekomeroden, vu sengen Elteren. Hatt fillt sech aleng an am Stach gelooss.
Da léiert hatt säi Monster kennen a mat deem senger Hëllef tankt hatt Selbstvertrauen.
An engem besonnesch kale Wanter beschléissen d’Sioux fortzegoen, fir an enger méi waarmer Géigend hiert Gléck ze sichen. D’Indianermeedchen Wichapi awer wëllt onbedéngt seng beschte Frëndin, d’Bieremeedchen Ursa, erëmgesinn, fir him Äddi ze soen. Mä d’Ursa hält nach Wanterschlof. Dofir beschléisst d’Wichapi, beim Ursa ze bleiwen, bis dat rëm waakreg gëtt, an hatt léisst säi Stamm ouni hatt fortgoen.