D’Susi, déi kleng Seejomes, weess net, wat et sech soll fir säi Gebuertsdag wënschen. Duerfir freet hatt all Déier, dat hatt begéint, ëm Rot.
D’Susi Jomes sicht e Kaddo

Dëst ass dat drëtt Buch vun der Raup mat dem rouden Häerz op der Stir. Dräi Geschichten, a deenen d’Lalumi senge Frënn a schwierege Situatiounen hëlleft.
Déi bekannt Geschicht vum Pippi, dat fir ëmmer bei säi Papp segele wëllt, fort vu senge Frënn Tommy an Annika, op d’Insel Kurrekurredutt, wou de Papp Kinnek ass. Hatt freet sech immens op e Liewen als Prinzessin, mee den Tommy an d’Annika wëllen op kee Fall hir Frëndin verléieren.
Den drëtte Band vum Pippi Langstrumpf, an deem hatt op der Insel Kurrekurredutt Prinzessin soll ginn, gëtt et elo och op Lëtzebuergesch.
An dësem Buch stinn 32 Märercher vun de Bridder Grimm, dorënner sinn och eng etlech, déi manner bekannt sinn.
De Luc an d’Lisa huelen et mam Opraumen net esou genee. D’Saache bleiwen all doruechter leien oder ginn einfach an de Schaf gedruddelt. Wéi si nuets erwächen, si Monsteren am Kannerzëmmer!
“All meng Frënn kënnen eppes sou richteg gutt, just ech kann näischt!”, sou denkt dat klengt Kaweechelche Willi. Mee seng Frënn weisen him, datt hatt och Saache kann, déi di aner net kënnen.