Tun, Frunnes a Co. : décke Gas!

Op all Säit erlieft de Lieser eng lëschteg kleng Zeen aus dem Liewe vum Tun a vum Frunnes.

D’Geschichte ginn als Comic erzielt.

De leschte Ritter : d’Reider vun der Apocalyse

Dëst ass den 3. Band aus der Serie ronderëm de leschte Ritter.

De leschte Ritter : de Schwuer vun den Tempelritter

Dëst ass den 2. Band aus der Serie ronderëm de leschte Ritter.

De leschte Ritter : de Schatz vun Draachesteen

De Pedro schafft an der Publizitéit, dat heescht, hie pecht Plakater fir eng Werbeagentur. Do begéint hien enger ganz gelungener Gestalt, déi sech als Jang de Blannen, de leschte Ritter, entpuppt. Zesumme mat dem Pedro senger Frëndin Maloo maache si sech op d’Sich nom Schatz vun Draachesteen. Mä dat gëtt eng ganz geféierlech Affär.

D’Geschicht hält op, wa si ganz spannend ass, a wéi et weider geet, fënnt een an den nächste BD-Bänn.

… Vu Cliquen, Klucken a Klacken : Geschichte mam Littel Superjhemp

Op all Säit gëtt et eng lëschteg kleng Zeen aus dem Liewe vum Charly Kuddel a senge Frënn, dem Frunnes, dem Schmuddel an dem Lisi.

… Vu Geessen, Gussen a Gaassebouwen!! : de littel Superjhemp

Op all Säit gëtt et eng lëschteg kleng Zeen aus dem Liewe vum Charly Kuddel a senge Frënn, dem Frunnes, dem Schmuddel an dem Lisi.

De Kasimir an d’Wisenten

Dat klengt Källefche Kasimir wëllt onbedéngt d’Wisente kenneléieren, déi sollen sou grouss wéi e Bierg sinn. Am Déierepark, wou d’Wisente liewen, fënnt de Kasimir vill nei Frënn an zesummen hu si vill Spaass.