Läschen, baggrren, plouen : e Wierderbuch iwwert Gefierer
An dësem klenge Wierderbuch mat haarde Säite fënnt een d’Gefierer aus der Stad, vun de Rettungsdéngschter, vum Chantier, vum Bauerenhaff an nach vill anerer.
D’Gefierer stinn thematesch op enger duebeler Säit a si sinn an dräi Sprooche genannt: lëtzebuergesch, däitsch a franséisch.
An dësem klenge Wierderbuch mat haarde Säite fënnt een d’Gefierer aus der Stad, vun de Rettungsdéngschter, vum Chantier, vum Bauerenhaff an nach vill anerer.
D’Gefierer stinn thematesch op enger duebeler Säit a si sinn an dräi Sprooche genannt: lëtzebuergesch, däitsch a franséisch.
Meedercher spille mat Poppen a Jonge mat Autoen: dat huet jidderee scho mol héieren – och Kanner. Dëst Buch brécht mat de Stereotyppen a weist de Kanner, datt Jongen a Meedercher alles kënnen. Haaptsaach ass, datt si sech dobäi wuelfillen!
D’Buch liest sech vun 2 Säiten. Esou kënnen d’Rotschléi aus béide Perspektive gelies ginn a weisen de Kanner ganz kloer, datt alles erlaabt ass!
Déi kleng Seejomes klappt beim Bier un der Bier: si huet eng Invitatioun op e Fest. Wéi de Bier behaapt, bei him wär kee Fest entdeckt déi kleng Seejomes awer e Schäin am Schlëssellach vun engem Schaf am Bier senger Stuff. Wéi si do raklëmmt, begéint si nach aneren Déieren. Mee keent weess eppes vun engem Fest…
Op all Säit vum Buch ass e klengen Deel ausgestanzt, deen en Detail vun der nächster Säit verréit. Esou kënnen d’Kanner non an no rode wéi d’Geschicht weidergeet.
Wat gehéiert alles zur Ausrüstung vum Pompjee? Wat fënnt een an enger Kasär? Wéi leeft en Asaz of?
Op dës an nach vill aner Froe fannen d’Kanner an dësem Buch eng Äntwert. Si kënnen dobäi och aktiv matmaachen, sief et unhand vu Sichspiller oder vu konkreten Aktiounen.
Thematesch Stéchwierder sinn op den Illustratioune vum Buch an dräi Sprooche markéiert: Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.
D’Sophie an den David maache mat hiren Eltere Vakanz Fond-de-Gras. Do iwwernuechten si an engem richtegen Zuchwaggon, fuere mat der Dampflokomotiv a besichen d’Minn.
Enges Nuets héieren si suspekt Geräischer an der Hal nieft hirem Waggon an entdecke véier Persounen, déi näischt Guddes an der Kopp hunn.
Wéi gutt, datt déi jonk Detektiven do sinn, fir de Fall ze léisen.
Dëst ass déi zweet Enquête vun den zwee Detektiv-Geschwëster.
D’Romy verbréngt fir d’éischt Kéier seng Vakanz um Camping.Zesumme mat sengen Eltere schléift hatt an engem Camper.
Um Camping léiert hatt séier nei Frënn kennen a ka villes mat hinnen ënnerhuelen: klammen, rutschen, am Sand spillen, schwammen, d’Natur entdecken am Abenteuer erliewen.
Déi kleng Spann Eekeleg kann net verstoen, firwat d’Mënschen d’Spanne fäerten. Dofir freet si aner Spannen ëm Rot.
Si geet bei d’Mamma, de Monni Laangbeen, de Cousin Punkti, säi Frënd Néitsi an nach vill anerer. All hunn se eng aner Erklärung, firwat d’Mënschen Angscht viru Spannen hunn…
An dësem grousse, faarwege Billerbuch ginn d’Kanner alles iwwer Dinosaurier gewuer: e Bëbee T-rex koum mat Plommen op d’Welt an huet se spéider verluer, déi gréissten Dino-Eeër waren 30 cm grouss, verschidden Dinosaurier hate guer keng Zänn an d’Villercher vun haut sinn d’Nokomme vun den Dinosaurier.
Eenzel Säite weise keng Sachinformatiounen, mee illustréieren éischter witzeg Zeenen, déi de Kanner hir Fantasie ureege sollen.
Haut ass Ouschteren. De klengen Draach Kokosnoss a seng Frënn d’Stachelschwäin Hilda an de Frupsdraach Oskar maachen sech op d’Sich no Ouschtereeër.
Beim Floss fannen si en ongewéinlecht Ee: et ass vill méi grouss wéi all déi aner an et net gefierft, mee schnéiwäiss. Wat fir en Déier soll dat wuel verluer hunn? Déi dräi Frënn froen d’Hong, de Guckuck, de Strauss, … an nach vill anerer Déieren. Mee keen huet en Ee verluer.
Als kleng Huese verkleet ginn de Luc an d’Lotti op de Bauerenhaff op Ouschtereeërsich. Do begéinen si aner Kanner, déi och verkleet sinn a sech mat vill Freed op d’Sich maachen no gefierften Ouschtereeër an och no gudde Schockelaseeër.