Den Zauberbengel

D’Emma a säin Hond Sputnik ginn dacks an de Bësch spillen. Enges Daags fënnt d’Emma eppes Gelungenes: e Bengel dee glënnert. Séier mierkt hatt, datt et sech ëm en Zauberbengel handelt.

Vun deem Dag u geet alles vum selwen : d’Zëmmer raumen, d’Hausaufgaben, …

Mee ass dat wierklech esou flott?

De Maulef Muck

De Maulef Muck kënnt vum Brëllendokter a probéiert verschidde Brëller un: en Taucherbrëll, e Sportsbrëll, e Sonnebrëll a souguer e Vëlosbrëll. Zesumme mam Fiissche reest hien duerch d’Land, fir seng Frënn ze besichen. Si ginn op de Stauséi, an de Mëllerdall, an de Päiperleksgaart an an d’Stad.

Fir all Aktivitéit, déi de Maulef mat senge Frënn ënnerhëlt, huet hien elo de passende Brëll.  

D’Geschicht iwwer Frëndschaft ass a Reimer geschriwwen.

Den Nuesewullert

Enges Daags fält de klenge Josy vun der Mauer a gëtt vun der Nopesch opgefaang. Zanterhier huet hien ëmmer de Fanger an der Nues: beim Spillen, an der Schoul a souguer wann hie schléift.

Mee firwat huet hien dann nëmmen esou e Bass an der Nues? 

De Bliederdéif

Et ass Hierscht. Dat klengt Kaweechelche sëtzt gemittlech a sengem Bam a bewonnert déi schéi faarweg Blieder.

Mee firwat verschwannen op eemol Blieder vu sengem Bam? Ass e Bliederdéif am Bësch?

Dat klengt Kaweechelche mécht sech op d’Sich…

Wat mécht dat Monster an dengem Buch ?

D’Kanner musse mathëllefen, dat klengt frecht Monster aus dem Buch erauszekréien. Si musse rëselen, jäizen, blosen… Mee soll een et wierklech aus dem Buch erausloossen?

Déi 1. Oplo hat d’ISBN 978-9-9959-5629-5

Wat mécht dee Supermenn an dengem Buch ?

De Supermenn ass an dësem Buch op enger wichteger Missioun : hie soll verhënneren, datt d’Krozelkett an d’Buch moolt. Mat Hëllef vun de Kanner déi d’Buch liesen, soll him dat och geléngen. Säit fir Säit gesinn d’Kanner wéi si dem Supermenn gehollef hunn.

Déi 1. Oplo hat d’ISBN 978-9-9959-5672-1

Kanns du mir soen, wat Frëndschaft ass?

Haut ass de klengen Hues mat de Gedanke guer net bei der Saach. Hien muss andauernd iwwer all Méigleches nodenken, ass ganz duercherneen a stellt villes a Fro.

Dobäi ass déi wichtegst Fro, wat iwwerhaapt Frëndschaft bedeit. No an no erklären  d’Déieren aus dem Bësch, wat dat Wuert fir si bedeit. Du stellt den Hues fest: “Ma genee esou ass et dach bei eis!” 

Eng léif Geschicht fir mat Kanner iwwer d’Bedeitung vun der Frëndschaft ze schwätzen.

Just nach e bëssen d’Ouere kraulen

D’Huesekand geet an d’Bett.

An dësem klenge Buch mat haarde Säite kënnen déi ganz Kleng him dobäi hëllefen. Et ass e léift “Mitmachbuch”, wou d’Kanner op all Säit zu enger Aktioun opgeruff ginn: mol sollen si an d’Hänn klappen, mol den Hieschen um Réck kribbelen.

Esou kann d’Huesekand bestëmmt gutt aschlofen!

Just nach d’Tréinen ofbotzen?

Ojee, dat klengt Huesekand ass gefall a brauch eng Plooschter.

An dësem klenge Buch mat haarde Säite kënnen déi ganz Kleng dem Hieschen hëllefen: eng Plooschter opsetzen, seng Tréinen dréchnen oder säi Réck léif heemele fir en ze tréischten.

Esou geet et dem Huesekand séier nees besser!

D’Huesekand geet an d’Bidden

Dat klengt Huesekand geet an d’Bidden.

An dësem klenge Buch mat haarde Säite sollen déi ganz Kleng him dobäi hëllefen: de Shampooing op de Kapp schëdden, d’Huesekand ofdréchnen a fönen, … .

Op all duebel Säit dreiwen d’Kanner en Deel vun der Handlung virun andeems se eng konkret Aktioun fir de klengen Hiesche maachen.