De Pappa Grüffelo zielt sengem Kand, datt seng Grousi aus engem frieme Land geschwë bei si op Besuch kënnt.
Well si e gesonden Appetit huet, ginn déi zwee an de Bësch op d’Sich no eppes z’iessen. Mee all Déier, dat si begéinen, huet eng gutt Ausried fir net vun der Grousi gefriess ze ginn.
Schlussendlech huelen si déi kleng Maus mat. Mee déi huet nawell eng gutt Iddi fir net am Dëppen ze landen…

D’Kaz Päddi MacPättchen an de Stroossemusikant Fred maachen all Dag zesumme Musik. Enges Daags awer verléieren déi zwee sech aus den Aen. De Päddi begéint enger léiwer Kaz a grënnt mat hir eng Famill. Mee e kann de Fred a hir gemeinsam Musik net vergiessen a mécht sech op d’Sich…
Wéi d’Billie gewuer gëtt, datt hatt e klenge Bridderche kritt, mat deem hatt seng Kummer deele muss, ass hatt alles anescht wéi begeeschtert. Muss hatt elo all seng Spillsaachen deelen? A wat ass, wann dee Klenge seng Saache futti mécht?
D’Billie beschléisst, sech en neit Haus ze bauen. Dobäi soll de Biber Bob him hëllefen…
Den éischter grafeschen a ganz speziellen Illustratiounsstil vum Buch mécht et schwéier, den Alter vum Public-cible ze definéieren. Vu dass d’Buch a Schreifschrëft geschriwwen ass, eegent et séch och éischter fir virgelies ze ginn.
D’Buch ass och an der franséischer Originalfassung disponibel.
De Panda-Club, en Natur-Fräizäitclub, gëtt véiermol am Joer eng Zäitschrëft fir jonk Leit eraus: de Panewippchen. Déi bescht Artikelen aus de „Panewippercher“ goufen a Form vun zwee Bicher publizéiert.
Am Bësch ass e Bam ëmgefall, an do, an enger Kaul, fannen d’Déieren e ganz besonnesche Steen. Dee kann nämlech schmunzelen. Och de Fierschter an den Astrophysiker, den Här Torsa, erkennen, datt dëse Steen eppes ganz Besonnesches ass, souguer vläicht e Meteorit. D’Déiere mussen sech duerfir asetzen, datt de Steen am Bësch stoe bleiwe kann.
D’Charlotte an de Monsieur Hibou léieren den eenzege Grand-Duché vun der Welt kennen: Lëtzebuerg.
Hir Rees geet vun der Stad aus an de Minett, dann op d’Musel, an de Mëllerdall, bis an d’Éisléck. Si entdecken dobäi interessant Plazen a Gebaier, a léiere Soen a Bräich kennen.
Et gëtt d’Buch och op Däitsch, Franséisch an Englesch. Nei Ausgab mat Tram a Funiculaire.