De Jamilo mécht e Kappsprong

Mëttes no der Schoul gëtt de Jupilo vum Louisa versuergt. Wärend d’Louisa stréckt an heekelt, erzielt hatt dem Jupilo fantastesch Geschichten. Dobäi schléift de Jupilo ëmmer mol nees an a begéint dem Kapitän Noss an der Pilotin Mandel. 

Zesummen erliewen si fantastesch Abenteuer mat berüümte Figuren aus der Literatur. Si begéinen dem Tom Sawyer, dem Robinson Crusoe, dem Pippi Langstrumpf a villen aneren.

De Muxfux huet Gebuertsdag : ee lëtzebuergescht Kannerbuch

Haut, op sengem Gebuertsdag, kritt de Muxfux e geheimnisvollt Rezept. Zesumme mat senger Frëndin Lussi mécht hie sech op de Wee, fir all déi besonnesch Saachen zesummen ze sichen, déi am Rezept stinn.

Ënnerwee begéine si ganz aussergewéinlechen Déieren, déi hinnen hëllefen.

Déi däitsch, franséisch, englesch, portugisesch, spuenesch an arabesch Iwwersetzunge vum Text fënnt ee mam QR-Code, deen hannen am Buch ass.

D’Melusina a seng Verwandlungen = Mélusine et ses métamorphoses

D’Geschicht vun der Melusina, déi fest zur Lëtzebuerger Geschicht gehéiert, fänkt an der Antiquitéit un.

Der Melusina hir Verwandlunge ginn am Buch an zwou Sproochen erzielt: Franséisch a Lëtzebuergesch.

D’Buch gëtt et och an der Versioun Däitsch / Portugisesch.

De Finn, seng Frënn an d’Lotta = Finn, ses amis et Lotta

No senger Rees gëtt de Finn vu senge Frënn häerzlech doheem empfaang. Si wëllen him als Iwwerraschung e grousst Fest organiséieren a stierzen sech an d’Virbereedungen.

Fir de Finn hu si dofir elo keng Zäit méi. Also mécht hien sech eleng op de Wee a begéint dem Igelmeedche Lotta, mat deem hie vun elo u seng ganz Zäit verbréngt.

D‘Geschicht, déi op Lëtzebuergesch an op Franséisch erzielt gëtt, ka vu Kanner vum Cycle 3 selwer gelies oder scho Kanner aus dem Cycle 2 virgelies ginn.

De Finn geet op d’Rees = Le voyage de Finn

Op senger Rees duerch de Bësch léiert den Igel Finn eng Rei aner Déiere kennen: d’Kaweechelchen, de Fräsch, de Biber, de Spiecht…. Si all erzielen him, wéi si liewen, wat si gären hunn.

Mee no enger Zäitche géif de Finn nees gären heem goen, fënnt de Wee awer net méi.

D’Geschicht gëtt op Lëtzebuergesch a Franséisch erzielt. Si kann am Cycle 2 virgelies ginn, mee eréischt méi al Kanner kënnen de villen Text selwer liesen.