Mam Roki ënnerwee vum Pafendall iwwert d’Corniche an d’Kasematten
Haut entdecken de Roki an d’Tatisha d’Alstad. Si huelen de Panorama Lift, trëppelen iwwer d’Corniche, ginn iwwer de Bockfiels bis bei d’Kasematten a gi méi iwwer dësen interessanten Deel vun der Stad gewuer.
D’Geschicht ka mat QR-Coden op Lëtzebuergesch a Franséisch gelauschtert ginn. Hannen am Buch ass och eng Iwwersetzung op Däitsch an Englesch an och den Text op Franséisch, grad wéi Rätselsäiten.
Haut entdecken de Roki an d’Tatisha d’Alstad. Si huelen de Panorama Lift, trëppelen iwwer d’Corniche, ginn iwwer de Bockfiels bis bei d’Kasematten a gi méi iwwer dësen interessanten Deel vun der Stad gewuer.
D’Geschicht ka mat QR-Coden op Lëtzebuergesch a Franséisch gelauschtert ginn. Hannen am Buch ass och eng Iwwersetzung op Däitsch an Englesch an och den Text op Franséisch, grad wéi Rätselsäiten.
An dësem zaart illustréierte Buch léieren d’Kanner de Monsieur Petit Pois kennen, d’Rommel Bommel, grad ewéi de Manni Mangold an d’Pippa Pumpkin. Véier kleng Geschichte weisen hinnen, wéi dëst einheimescht Geméis ugeplanzt, verschafft a konservéiert gëtt.
E QR-Code verweist op d’Rezepter aus de Geschichten..
Et wor emol e Kënschtler, deen am Bësch gelieft huet. All Dag huet hie mat rouder, gieler a bloer Faarf Biller gemoolt. Mee iergendeppes huet him gefeelt…
Eng léif Geschicht iwwer d’Kraaft vum Gléck an d’Entdecke vun de Faarwen, musikalesch ënnermoolt, wann een de QR-Code am Buch scannt.
No engem Pakt mam Léiw ass de Panda Théo de Kinnek vun den Déieren. Hien ass esou houfreg, datt hien sech selwer eng schéi Kroun bastelt. Mee déi ass enges Daags verschwonn: De Schimpans Bernie huet se geklaut a wëll him den Troun ofhuelen…
De klenge Panda Teo huet d’Flemm. Jidderee wëllt ëmmer nëmme mat him knuddelen, mä dorop huet hie guer keng Loscht. Wär hien nëmme sou staark wéi säi Virbild de Léif, dann hätt hien och emol de Courage fir neen ze soen.
Fir sech Rot ze huelen, mécht hie sech op d’Sich nom Kinnek vun den Déieren. Mä deen ass ganz anescht wéi erwaart…
De Roki an d’Tatisha trëppelen duerch d’Stad op déi schéinste Plazen a si léieren eppes iwwer hir Geschicht kennen : d’Plëss, de Knuedler, de Palais, d’Charlotte, d’Kathedral an d’Gëlle Fra.
D’Geschicht ka mat QR-Coden op Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch gelauschtert ginn. Den Text derzou ass hannen am Buch, grad wéi Rätselsäiten.
An engem ale Schlass wunnt de klenge Stinki mat véier anere Gespenster. Nuets spille si zesummen, erzielen sech Grujelgeschichten oder laachen zesummen. Heiansdo laachen se awer och iwwer de Stinki, well hien ass dat eenzegt Gespenst, wat Oueren huet. Mee wien hätt geduecht, datt grad dës komesch Oueren si all géife retten?
Dës léif Geschicht mat flotte Biller weist de Kanner, datt ee gutt ass, genee sou wéi een ass.