Dëst Buch gëtt et an enger franséisch-lëtzebuergescher an an enger portugisesch-däitscher Versioun. An deenen 2 Sprooche jeweils gëtt a Véierzeiler d’Geschicht vun der Gräfin Ermesinde erzielt.
Ënnen op der Säit steet eng kleng geschichtlech Lektioun, eng Kéier op Franséisch, déi aner Kéier op Portugisesch. Dernieft gëtt et och e Kaartespill, fir op eng spilleresch Aart a Weis d’Geschicht ze léiren.
D’Buch existéiert och an aner Sproochen.