An du koumen d’Capybaraen

Enges Daags tauchen nieft dem Héngerjuck komesch buuschteg Déieren op. Séier stellen d’Hénger Reegelen op, well dës friem Déiere jo bestëmmt geféierlech sinn. Sou soll de Kontakt op e Minimum gehale ginn. E klengt Jippelchen ass do awer ganz anerer  Meenung…

Eng léif Geschicht iwwer Akzeptanz an Zesummeliewen.

D’Buch ouni Biller

D’Buch ouni Biller muss virgelies ginn. Et muss dat gelies ginn, wat do steet. An dat ass heiansdo ganz witzeg, eng Erausfuerderung fir de Virlieser.

Dem Greg säin Tagebuch 2 – Ass eppes? : e Comic-Roman

D’Suite vum Greg senge berühmten Tagebuchgeschichten op Lëtzebuergesch.

De Band 1 ass op Lëtzebuergesch vergraff.

Oh, wéi ass Panama esou schéin : d’Geschicht vum klengen Tiger an dem klenge Bier, déi a Panama reesen

„Oh, wie schön ist Panama”, dem Janosch säi Kannerbuch-Klassiker, läit hei an der lëtzebuergescher Iwwersetzung vir. 

De Bier an den Tiger mat senger Tiger-Int maache sech op de Wee no Panama, an d’Land vun hiren Dreem. Si erliewen allerhand ënnerwee, mä „wann een e Frënd huet, da brauch een näischt ze fäerten”.

Eng Taass fir d’Nefertiti Nilpäerd

D’Nefertiti ass eng jonk Nilpäerd – Madamm, déi näischt fäert an net laang zéckt. Enges Mueres mécht si sech op de Wee, fir eng nei Taass ze kafen. Mä en Nilpäerd am Här Grëff sengem Parzeläinsbuttek ass genee sou eng Katastroph wéi en Elefant.

Klengen Äisbier : wuer fiers du?

De Lars, de klengen Äisbier, duerf fir déi éischte Kéier mat sengem Papp an d’grousst Äis, bei d’Mier. Deen anere Moien, wéi hien erwächt, ass hie ganz aleng op enger klenger Äisinsel. Wéi déi kleng Insel schmëlzt, kann hie sech nach just op e Faass retten. Dat ass den Ufank vun enger grousser Rees.