Hämmelsmarsch

Et ass Kiermes an d’Hämmelsmarschekipp musizéiert am Duerf. Et mécht hinnen därmoosse Freed, datt si ëmmer weiderzéien: si spillen hir Musek an der Stad, um Schantjen, op der Plage, am Mier, am Dschungel, …

D’Geschicht ass deelweis a Reimer geschriwwen, déi awer duerch de Layout vum Text net ëmmer iop den éischte Bléck ze erkenne sinn.

Der Maus hire Floss : eng Paddelrees bis bei d’Mier

Déi kleng virwëlzeg Maus paddelt ganz aleng vum hirem Haus am Bësch iwwer de Floss bis bei d’Mier. Ënnerwee begéint si eng Rei Déiere laanscht d’Schleis, an der Stad a beim Mier.

Déi wonnerschéin illustréiert Geschicht ass deelweis a Reimer geschriwwen.Op all duebel Säit sinn Detailer vun der Erzielung hannert deels grousse Klappe verstoppt.

Hannen am Buch ass e Glossaire mat Sachinformatiounen zum Theema Floss.

Op der leschter Säit sinn Objete gemoolt, déi d’Maus agepak huet. Wien fënnt se all erëm? 

De Pip an d’Posy : gutt Nuecht

Virum Schlofe goe spillen de Pip an d’Posy Stoppches. Dat mécht Spaass!

Déi ganz Kleng entdecken an dësem klenge Buch mat haarde Säiten hannert Klappen aus Filz eng ganz Rei Déieren, déi sech am Haus verstoppen.

D’Schnoffelnues Nell

Den Detektivmupp Nell geet mat senger Schnoffelnues all Geheimnis op de Grond. Esou kann d’Nell dem klenge Pier ëmmer hëllefen, wann hien eppes vertässelt huet.

A wann an der Schoul d’Bicher verschwannen, ass dem Nell seng Schnoffelnues dem Bicherdéif séier op der Spuer… 

D’Geschicht ass deelweis a Reimer geschriwwen.

D’Nuecht viru Chrëschtdag am Nimoolsland

An der Nuecht viru Chrëschtdag streiden d’Renndéiere, well jidderee ganz vir als Éischt virum Schlitt lafe wëll. Du wënscht d’Renndéier Stärchen sceh eppes, dat déi ganz Ekipp op eng verréckt Sich bréngt, wou de Kapitän Hook, seng Piraten an de Peter Pan eng Roll spillen…

De Bier Pier um Camping

Um Camping erlieft de Bier Pier allerlee flott Saachen: hie riicht säin Zelt op, geet an d’Natur, ass mam Kajak ënnerwee a séngt Lidder beim Lagerfeier.

De ganz kuerzen a repetitiven Text ass a Reimer geschriwwen an d’Buch huet haart Säite mat beweeglechen Elementer. 

De Bier Pier um Recycling

An dësem klenge Buch mat haarde Säiten a beweeglechen Elementer begleeden déi ganz Kleng de Bier Pier a sengem Beruffsalldag a léieren esou, wat alles zum Recycling gehéiert. De ganz kuerzen a repetitiven Text ass a Reimer geschriwwen.

D’Léini entdeckt d’Welt am Summer

D’Léini an de Pol si mam Bopa ënnerwee. Si gi schwammen, plécke Kiischten, iessen eng Glace a verbréngen e schéine Summerdag. 

D’Buch huet haart Säiten an d’Illustratioune bestinn deels aus Fotoen an deels aus Zeechnungen.

Der Maus hire Bësch

D’Maus fënnt dat ganzt Joer iwwer flott Aktivitéiten, déi si am Bësch mat hire Frënn ënnerhuele kann.

Op all duebel Säit entdecken d’Kanner op grousse Biller wat d’Maus mécht a wiem se begéint. En Deel vun den Illustratioune sinn deels duerch Klappe verstoppt an den Text ass a Reimer geschriwwen.

Kribbeleg Krabbeldéieren!

Am Bësch liest den Dachs Pit gemittlech e Buch iwwer Friichte fir mat senge Frënn en neit Rezept auszeprobéieren. Mee si ginn ëmmer nees vu Mécken an anere Krabbeldéieren dobäi gestéiert. Elo geet et duer! 

De Pit a seng Frënn fänken un, all dat nervegt klengt Gedéiesch aus dem Bësch anzefänken. Mee dat huet Konsequenzen, déi si net beduecht haten…
Den Text ass gréisstendeels a Reimer geschriwwen.