De Muxfux huet Gebuertsdag : ee lëtzebuergescht Kannerbuch

Haut, op sengem Gebuertsdag, kritt de Muxfux e geheimnisvollt Rezept. Zesumme mat senger Frëndin Lussi mécht hie sech op de Wee, fir all déi besonnesch Saachen zesummen ze sichen, déi am Rezept stinn.

Ënnerwee begéine si ganz aussergewéinlechen Déieren, déi hinnen hëllefen.

Déi däitsch, franséisch, englesch, portugisesch, spuenesch an arabesch Iwwersetzunge vum Text fënnt ee mam QR-Code, deen hannen am Buch ass.

Wann ech e Buch wier = Se eu fosse um livro

Een zweesproochegt Billerbuch: Lëtzebuergesch – Portugisesch.

Ganz plakativ an humorvoll gëtt den Notze vum Buch mat engem Sproch illustréiert, deen ëmmer mam selwechte Saz ufänkt:”Wann ech e Buch wier…”.

Eng poetesch Duerstellung fir all Buchfrënd, net nëmme fir Kanner.

Melusina

Déi bekannte Geschicht vum Melusina. Mat enger Bäilag an dräi anere Sproochen:Englesch, Franséisch a Portugisesch.

Meng éischt dausend Wierder op Lëtzebuergesch

Kleng Kanner léieren unhand vun dësem schéin illustréierte Billerlexikon hir éischt dausend Wierder op Lëtzebuergesch kennen. All duebel Säit presentéiert en Theema aus dem Kand senger Alldag (doheem, am Gaart, an der Schoul…). D’Wierder sinn all mat klenge Biller duergestallt an hannen am Buch op Franséisch, Däitsch, Englesch a Portugisesch iwwersat.