Mam Roki ënnerwee vum Pafendall iwwert d’Corniche an d’Kasematten
Haut entdecken de Roki an d’Tatisha d’Alstad. Si huelen de Panorama Lift, trëppelen iwwer d’Corniche, ginn iwwer de Bockfiels bis bei d’Kasematten a gi méi iwwer dësen interessanten Deel vun der Stad gewuer.
D’Geschicht ka mat QR-Coden op Lëtzebuergesch a Franséisch gelauschtert ginn. Hannen am Buch ass och eng Iwwersetzung op Däitsch an Englesch an och den Text op Franséisch, grad wéi Rätselsäiten.
Haut entdecken de Roki an d’Tatisha d’Alstad. Si huelen de Panorama Lift, trëppelen iwwer d’Corniche, ginn iwwer de Bockfiels bis bei d’Kasematten a gi méi iwwer dësen interessanten Deel vun der Stad gewuer.
D’Geschicht ka mat QR-Coden op Lëtzebuergesch a Franséisch gelauschtert ginn. Hannen am Buch ass och eng Iwwersetzung op Däitsch an Englesch an och den Text op Franséisch, grad wéi Rätselsäiten.
Haut, op sengem Gebuertsdag, kritt de Muxfux e geheimnisvollt Rezept. Zesumme mat senger Frëndin Lussi mécht hie sech op de Wee, fir all déi besonnesch Saachen zesummen ze sichen, déi am Rezept stinn.
Ënnerwee begéine si ganz aussergewéinlechen Déieren, déi hinnen hëllefen.
Déi däitsch, franséisch, englesch, portugisesch, spuenesch an arabesch Iwwersetzunge vum Text fënnt ee mam QR-Code, deen hannen am Buch ass.
De klenge roude Léiw ass e Kinnekskand an däerf net bis vrun d’Schlassdier goen. Dat ass en zimlech langweilegt Liewen, an eist Kinnekskand wëll an déi grouss Welt eraus a wëll esouguer fléie léieren.
Ënnerwee begéint de klenge roude Léiw glécklecherweis och richtege Frënn.
Hannen am Buch ass den Text an dräi Sproochen iwwersat: Franséisch, Englesch an Däitsch.
Kleng Kanner léieren unhand vun dësem schéin illustréierte Billerlexikon hir éischt dausend Wierder op Lëtzebuergesch kennen. All duebel Säit presentéiert en Theema aus dem Kand senger Alldag (doheem, am Gaart, an der Schoul…). D’Wierder sinn all mat klenge Biller duergestallt an hannen am Buch op Franséisch, Däitsch, Englesch a Portugisesch iwwersat.
Den Draach Taz ass onglécklech a senger Hiel: Et ass kal an de Buedem ass haart. Dofir mécht hie sech op d’Sich no engem Haus. An der Stad schellt hie beim Här Smiff a freet, ob hien do wunnen däerf. Den Här Smiff hëlt den Taz bei sech op, mee d’Zesummeliewen
ass net sou einfach…
D’Geschicht gëtt och op Englesch erzielt an d’Buch ass gläichzäiteg e Molbuch.
De Roki an d’Tatisha trëppelen duerch d’Stad op déi schéinste Plazen a si léieren eppes iwwer hir Geschicht kennen : d’Plëss, de Knuedler, de Palais, d’Charlotte, d’Kathedral an d’Gëlle Fra.
D’Geschicht ka mat QR-Coden op Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch gelauschtert ginn. Den Text derzou ass hannen am Buch, grad wéi Rätselsäiten.