De grousse Kolja an dat klengt Galina liewen a Russland. De kale russesche Wanter steet vrun der Dier. Déi zwee Kuebe fänken un dorëmmer ze fléien a begéinen allerlee Déieren, déi hinne gutt Rotschléi ginn, wéi si de Wanter iwwerstoe kënnen. De Schmuebelen hire Rot gefält hinnen natierlech am beschten.
Am Buch läit en CD, op deem d’Geschicht op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch a Russesch erzielt gëtt. Och 18 Lidder mat Texter vum Dany Gales, arrangéiert vum Bob Morhard a Judith Lecuit sinn op dem CD.
Als Bäilag ass am Buch den Text vun der Geschicht op Däitsch a Franséisch, an den Text vun de Lidder.

Dëst Buch verbënnt d‘Aktualitéit mat der Vergaangenheet.
Zwee Kanner, de Jang an d’Jeanne, verschwannen an engem Stollen, jiddereent op eng aner Manéier. Si fanne sech, a si maachen Entdeckungen iwwer fréier Zäiten.
Separat gëtt d’Geschicht vun der Léift vum Yehanna, enger Keltin, an dem Alexander, engem Réimer, erzielt. Eng Léift, déi net däerf sinn.
’t ass Vakanz, an d’Liz a säi Brudder Pol verbréngen déi meeschten Zäit op der Buerg. Do ginn et nach ëmmer nei Saachen z’entdecken.
Enges Daags fanne si am Tuerm, hannert enger Faldier, e Geheimgank. Natierlech mussen déi 2 Detektiven deem nogoen, an dofir komme si engem grousse Geheimnis op d’Spur.
Et huet geschneit an de klenge Max baut voller Freed e Schnéimännchen. An der Nuecht fale Stäreschnäize vum Himmel an de Schnéimännche wënscht sech Féiss, fir datt hien aus der Sonn goe kann a net schmëlze muss.
Haut, op sengem Gebuertsdag, kritt de Muxfux e geheimnisvollt Rezept. Zesumme mat senger Frëndin Lussi mécht hie sech op de Wee, fir all déi besonnesch Saachen zesummen ze sichen, déi am Rezept stinn.
Ënnerwee begéine si ganz aussergewéinlechen Déieren, déi hinnen hëllefen.
Déi däitsch, franséisch, englesch, portugisesch, spuenesch an arabesch Iwwersetzunge vum Text fënnt ee mam QR-Code, deen hannen am Buch ass.