Déi kleng Spann Eekeleg kann net verstoen, firwat d’Mënschen d’Spanne fäerten. Dofir freet si aner Spannen ëm Rot.
Si geet bei d’Mamma, de Monni Laangbeen, de Cousin Punkti, säi Frënd Néitsi an nach vill anerer. All hunn se eng aner Erklärung, firwat d’Mënschen Angscht viru Spannen hunn…
Déi kleng Spann Eekeleg kann net verstoen, firwat d’Mënschen d’Spanne fäerten. Dofir freet si aner Spannen ëm Rot.
Si geet bei d’Mamma, de Monni Laangbeen, de Cousin Punkti, säi Frënd Néitsi an nach vill anerer. All hunn se eng aner Erklärung, firwat d’Mënschen Angscht viru Spannen hunn…
An dësem grousse, faarwege Billerbuch ginn d’Kanner alles iwwer Dinosaurier gewuer: e Bëbee T-rex koum mat Plommen op d’Welt an huet se spéider verluer, déi gréissten Dino-Eeër waren 30 cm grouss, verschidden Dinosaurier hate guer keng Zänn an d’Villercher vun haut sinn d’Nokomme vun den Dinosaurier.
Eenzel Säite weise keng Sachinformatiounen, mee illustréieren éischter witzeg Zeenen, déi de Kanner hir Fantasie ureege sollen.
Wat kann een alles deelen? Firwat gëtt et Reegelen? Wéi passe mir openeen op a wéi kënne mir aneren hëllefen? Dëse klenge Biller-Lexikon gëtt Erklärungen zum friddlechen Zesummeliewen am Alldag vun de Kanner. D’Buch huet haart Säiten an illustréiert eenzel Zeenen hannert klenge Klappen.
De Walli an de Wimm sinn am Hierscht dobaussen a mierken, dass vill Déieren net méi do sinn. Si bereede sech op de Wanter vir. De Wimm erkläert dem Walli, dat déi Déieren entweder am Wanter schlofen oder a Richtung Süde fléien. Et ass wichteg, d’Liewensräim vun den Déieren, déi hei bleiwen, ze erhalen.
Zum Schluss vum Buch gëtt et en Dictionnaire vu Planzen, Déieren a Pilzen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.
Firwat bierelt en Iesel a wat ass eigentlech d’Geräisch vun enger Zikad? Wat rifft e Brëllaf a firwat kréint en Hunn?
Dëst räich illustréiert Sachbuch stellt néng Déiere vir, déi “Kaméidi” maachen: wéi entsteet dëse Kaméidi a firwat maachen se dës Geräicher iwwerhaapt?
Dëst Buch mat haarde Säiten enthält virgestanzten Deeler, déi d’Kanner zu engem Déier zesummesetze kënnen. Op all duebel Säit ass och e Fakte-Blat zum entspriechenden Déier. Esou léieren si interessant Fakten iwwer verschidden Déieren, déi an Afrika liewen.
De Wimm an de Walli leie gemittlech an der Wiss, wéi si vun der Méimaschinn verdriwwe ginn.
Si flüchten an d’Natur, wou si vill Déieren a Planzen entdecken a mierken, wéi wichteg ass, datt d’Natur hiren eegene Wee geet.
Bäi dësem Virliesbuch ass de Public-cible schwéier ze definéieren : d’Biller riichten sech u méi kleng Kanner, mee d’Sachinformatioune sinn däitlech méi komplex.
Wat huet den Doft vum Biber mat enger Glace ze dinn? Firwat mécht d’Kräizspann all Dag en neit Netz? Firwat bauen Termiten Tunnellen an d’Säitewänn vun hirem Hiwwel?
Dëst räich illustréiert Sachbuch stellt néng Déiere vir an erkläert, wéi si “wunnen”.
Dësen Déierelexikon weist unhand vu gemoolte Biller 9 Déieren, déi sech besonnesch gutt ëm hiren Nowuess këmmeren.
D’Kanner entdecken hire Liewensraum, anatomesch Detailer an interessant Fakten iwwer dës äerdeg Mammen e Pappen. Verschidden Iwwersetzungen sinn e bësse gelungen ausgefall.