Am Fond-de-Gras : Detektivbüro D & S – diskreet a seriö : zweet Enquête
D’Sophie an den David maache mat hiren Eltere Vakanz Fond-de-Gras. Do iwwernuechten si an engem richtegen Zuchwaggon, fuere mat der Dampflokomotiv a besichen d’Minn.
Enges Nuets héieren si suspekt Geräischer an der Hal nieft hirem Waggon an entdecke véier Persounen, déi näischt Guddes an der Kopp hunn.
Wéi gutt, datt déi jonk Detektiven do sinn, fir de Fall ze léisen.
Dëst ass déi zweet Enquête vun den zwee Detektiv-Geschwëster.
D’Sophie an den David maache mat hiren Eltere Vakanz Fond-de-Gras. Do iwwernuechten si an engem richtegen Zuchwaggon, fuere mat der Dampflokomotiv a besichen d’Minn.
Enges Nuets héieren si suspekt Geräischer an der Hal nieft hirem Waggon an entdecke véier Persounen, déi näischt Guddes an der Kopp hunn.
Wéi gutt, datt déi jonk Detektiven do sinn, fir de Fall ze léisen.
Dëst ass déi zweet Enquête vun den zwee Detektiv-Geschwëster.
Mëttes no der Schoul gëtt de Jupilo vum Louisa versuergt. Wärend d’Louisa stréckt an heekelt, erzielt hatt dem Jupilo fantastesch Geschichten. Dobäi schléift de Jupilo ëmmer mol nees an a begéint dem Kapitän Noss an der Pilotin Mandel.
Zesummen erliewen si fantastesch Abenteuer mat berüümte Figuren aus der Literatur. Si begéinen dem Tom Sawyer, dem Robinson Crusoe, dem Pippi Langstrumpf a villen aneren.
An dësem wonnerschéin illustréierte Buch stinn néng heemeleg Déieregeschichten, déi sech gutt eegenen, fir de Kanner virzeliesen, besonnesch virum Schlofe goen.
Op der Sich no engem Frënd besicht de klenge Prënz vill Planéiten. Nëmmen op der Äerd fënnt hien endlech dat Richtegt: e klenge Fuuss. Mee fir eng Frëndschaft opzebauen, muss de Fuuss vir d’éischt gezäämt ginn…
Déi berüümt Geschicht vum klenge Prënz fënnt een hei an enger gekierzter Adaptatioun fir Kanner.
D’Hex Krixkrax wunnt ganz uewen an engem héijen Tuerm, dee fir jiddereen onerreechbar ass. Enges Daags gëtt de Kinnek krank. Fir d’Awunner vum Duerf ass d’Hex Krixkrax déi eenzeg, déi him hëllefe kann. Mee wéi soll een iwwerhaapt bäi si rop kommen, fir mat hir ze schwätzen?
D’Geschicht ass a Reimer geschriwwen an iwwer QR-Code als Audio ze lauschteren.
An dësem Billerbuch gi 7 lëtzebuergesch Spréchwierder erkläert an illustréiert, verschiddener mat Hëllef vun engem Gedicht, anerer unhand vun enger deels gereimter Fabel.
Esou kréien d’Kanner den néidege Kontext, fir d’Bedeitung vun den eenzele Spréchwierder gutt ze verstoen.
Dëst ass den zweete Band mat 15 Soen aus Lëtzebuerg, déi nei erzielt ginn. D’Soe baséieren erëm op dem Recueil „Sagen des Luxemburger Landes“ vum Nikolaus Gredt aus dem Joer 1883.
Ech an de Jules, mir sinn an der Vakanz op der Insel Kriti. Ënnen um Mieresbuedem fanne mir Kalanaxo, d’Haaptstad vun de Kalamaren. Mir lauschteren d’Melodie vu Kalanaxo a kucken de Kalamare beim Danzen no. An no an no léiere mir déi vill Awunner vu Kalanaxo méi no kennen, wéi zum Beispill de Kaladullo, de Squid, d’Kassandra, d’Kamilla, de Kalaschnikoff, de Kalamaestro.
D’Zwillinge Sophie an David maache Vakanz um Camping vu Gréiwemaacher. Wéi nuets an der Roulotte vun hiren Noperen agebrach gëtt, decidéieren si, en Detektivbüro opzemaachen an dem Déif op d’Spuer ze goen. Dës leed si an de Päiperleksgaart…
Dës ass eng éischt Enquête aus der Serie Detektivbüro D&S.