Läschen, baggrren, plouen : e Wierderbuch iwwert Gefierer

An dësem klenge Wierderbuch mat haarde Säite fënnt een d’Gefierer aus der Stad, vun de Rettungsdéngschter, vum Chantier, vum Bauerenhaff an nach vill anerer.

D’Gefierer stinn thematesch op enger duebeler Säit a si sinn an dräi Sprooche genannt: lëtzebuergesch, däitsch a franséisch. 

Dinosafari : dat grousst Dinobuch : riseg Frënn

An dësem Dinosaurierbuch am grousse Format ginn d’Kanner op eng Safari, wou se verschidden Objeten op duebelsäitege Wimmelbiller erëmfanne sollen.

Dës Objeten si laanscht d’Säit illustréiert a stinn an dräi Sproochen dobäi: Lëtzebuergësch, Däisch a Franséisch. An der Mëtt vum Buch ass e Gänsespill mat Aufgaben. 

Beruffer entdecken : e Wierderbuch mam Sam a mam Suzy

An dësem grousse Buch mat haarde Säite léieren iwwerleeën de Sam an d’Suzy, wat fir e Beruff si wëllen hunn, wann si grouss sinn. Si weisen de Kanner vill Wierder op Lëtzebuergësch, Däitsch a Franséisch, déi zu de Beruffer gehéieren. 

Dernieft kënnen d’Kanner Detailer op engem grousse Bild sichen.

Mäi Wierderbuch : Um Bauerenhaff : 3-sproocheg

An dësem klenge Wierderbuch mat haarde Säite léieren d’Kanner op dräi Sprooche vill nei Wierder zum Theema Bauerenhaff. All duebel Säit thematiséiert en aneren Aspekt unhand vu Biller a Wierder op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch.

Op all Säit sti Froen, déi d’Kanner dozou ureegen, Detailer op de Biller ze fannen.

E Wierderbuch fir ze fillen

Déi ganz Kleng léieren an dësem klenge Buch mat haarde Säiten déi wichtegst Wierder aus dem Alldag an dräi Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch.

Eenzel Elementer kënnen och ertaascht ginn.

Mäin éischt Wierderbuch : dräisproocheg

Mat dësem grousse Wierderbuch léieren d’Kanner Grondbegrëffer aus hirem Alldag op Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch kennen.

D’Wierder sinn thematesch op enger Säit re groupéiert an eenzel illustréiert. Sou kann dëst Buch mat haarde Säiten z. B. och genotzt ginn, fir interessant Sproochvergläicher mat Kanner ze maachen.

L’imagier d‘Eric Carle: mes 200 premiers mots = E Billerbuch vum Eric Carle : Meng éischt 200 Wierder

Déi éischt 200 Wierder si verschidde Kapitelen zougeuerdnet an typesch Eric-Carle-méisseg illustréiert. Sou léieren d’Kanner déi wichtegst Wierder vum Bauerenhaff, vum Bësch, d’Faarwen an d’Géigesätz asw. op Lëtzebuergesch a Franséisch kennen.

Meng éischt dausend Wierder op Lëtzebuergesch

Kleng Kanner léieren unhand vun dësem schéin illustréierte Billerlexikon hir éischt dausend Wierder op Lëtzebuergesch kennen. All duebel Säit presentéiert en Theema aus dem Kand senger Alldag (doheem, am Gaart, an der Schoul…). D’Wierder sinn all mat klenge Biller duergestallt an hannen am Buch op Franséisch, Däitsch, Englesch a Portugisesch iwwersat.