Hämmelsmarsch

Et ass Kiermes an d’Hämmelsmarschekipp musizéiert am Duerf. Et mécht hinnen därmoosse Freed, datt si ëmmer weiderzéien: si spillen hir Musek an der Stad, um Schantjen, op der Plage, am Mier, am Dschungel, …

D’Geschicht ass deelweis a Reimer geschriwwen, déi awer duerch de Layout vum Text net ëmmer iop den éischte Bléck ze erkenne sinn.

Den Zauberbengel

D’Emma a säin Hond Sputnik ginn dacks an de Bësch spillen. Enges Daags fënnt d’Emma eppes Gelungenes: e Bengel dee glënnert. Séier mierkt hatt, datt et sech ëm en Zauberbengel handelt.

Vun deem Dag u geet alles vum selwen : d’Zëmmer raumen, d’Hausaufgaben, …

Mee ass dat wierklech esou flott?

Eng Kaz, zwou Kazen

An dësem Billerbuch mat Klappe léieren déi ganz Kleng bis 20 zielen: net nëmmen déi Kazen, déi si direkt op enger duebeler Säit gesinn, mee och nach déi, déi sech hannert de Klappe verstoppen.

 

 

De Maulef Muck

De Maulef Muck kënnt vum Brëllendokter a probéiert verschidde Brëller un: en Taucherbrëll, e Sportsbrëll, e Sonnebrëll a souguer e Vëlosbrëll. Zesumme mam Fiissche reest hien duerch d’Land, fir seng Frënn ze besichen. Si ginn op de Stauséi, an de Mëllerdall, an de Päiperleksgaart an an d’Stad.

Fir all Aktivitéit, déi de Maulef mat senge Frënn ënnerhëlt, huet hien elo de passende Brëll.  

D’Geschicht iwwer Frëndschaft ass a Reimer geschriwwen.

Den Nuesewullert

Enges Daags fält de klenge Josy vun der Mauer a gëtt vun der Nopesch opgefaang. Zanterhier huet hien ëmmer de Fanger an der Nues: beim Spillen, an der Schoul a souguer wann hie schléift.

Mee firwat huet hien dann nëmmen esou e Bass an der Nues? 

D’Grüffelo Grousi

De Pappa Grüffelo zielt sengem Kand, datt seng Grousi aus engem frieme Land geschwë bei si op Besuch kënnt.

Well si e gesonden Appetit huet, ginn déi zwee an de Bësch op d’Sich no eppes z’iessen. Mee all Déier, dat si begéinen, huet eng gutt Ausried fir net vun der Grousi gefriess ze ginn.

Schlussendlech huelen si déi kleng Maus mat. Mee déi huet nawell eng gutt Iddi fir net am Dëppen ze landen…

D’Geschicht ass a Reimen erzielt.

De Bliederdéif

Et ass Hierscht. Dat klengt Kaweechelche sëtzt gemittlech a sengem Bam a bewonnert déi schéi faarweg Blieder.

Mee firwat verschwannen op eemol Blieder vu sengem Bam? Ass e Bliederdéif am Bësch?

Dat klengt Kaweechelche mécht sech op d’Sich…

Wat mécht dat Monster an dengem Buch ?

D’Kanner musse mathëllefen, dat klengt frecht Monster aus dem Buch erauszekréien. Si musse rëselen, jäizen, blosen… Mee soll een et wierklech aus dem Buch erausloossen?

Déi 1. Oplo hat d’ISBN 978-9-9959-5629-5

Wat mécht dee Supermenn an dengem Buch ?

De Supermenn ass an dësem Buch op enger wichteger Missioun : hie soll verhënneren, datt d’Krozelkett an d’Buch moolt. Mat Hëllef vun de Kanner déi d’Buch liesen, soll him dat och geléngen. Säit fir Säit gesinn d’Kanner wéi si dem Supermenn gehollef hunn.

Déi 1. Oplo hat d’ISBN 978-9-9959-5672-1

Bill! : e Mupp, dee miaut an sech villes traut

De Bill ass ee ganz aussergewéinlech Mupp. Hien ass flénk, staark, kreativ, ka schwammen, sprangen, a souguer strécken, miauen a fléien. Och liesen a schreiwe kann dee sympathesche klenge Mupp.

Dat eenzegt, wat hien net kann, ass billen. Mee ass dat esou schlëmm? Eigentlech net! 

D’Geschicht kann och unhand vun engem QR-Code gelauschtert ginn an hannen am Buch ass och dem Bill säi Lidd.

Et gëtt d’Buch och op Franséisch.