Am Fond-de-Gras : Detektivbüro D & S – diskreet a seriö : zweet Enquête
D’Sophie an den David maache mat hiren Eltere Vakanz Fond-de-Gras. Do iwwernuechten si an engem richtegen Zuchwaggon, fuere mat der Dampflokomotiv a besichen d’Minn.
Enges Nuets héieren si suspekt Geräischer an der Hal nieft hirem Waggon an entdecke véier Persounen, déi näischt Guddes an der Kopp hunn.
Wéi gutt, datt déi jonk Detektiven do sinn, fir de Fall ze léisen.
Dëst ass déi zweet Enquête vun den zwee Detektiv-Geschwëster.
D’Sophie an den David maache mat hiren Eltere Vakanz Fond-de-Gras. Do iwwernuechten si an engem richtegen Zuchwaggon, fuere mat der Dampflokomotiv a besichen d’Minn.
Enges Nuets héieren si suspekt Geräischer an der Hal nieft hirem Waggon an entdecke véier Persounen, déi näischt Guddes an der Kopp hunn.
Wéi gutt, datt déi jonk Detektiven do sinn, fir de Fall ze léisen.
Dëst ass déi zweet Enquête vun den zwee Detektiv-Geschwëster.
Op der Sich no engem Frënd besicht de klenge Prënz vill Planéiten. Nëmmen op der Äerd fënnt hien endlech dat Richtegt: e klenge Fuuss. Mee fir eng Frëndschaft opzebauen, muss de Fuuss vir d’éischt gezäämt ginn…
Déi berüümt Geschicht vum klenge Prënz fënnt een hei an enger gekierzter Adaptatioun fir Kanner.
Firwat bierelt en Iesel a wat ass eigentlech d’Geräisch vun enger Zikad? Wat rifft e Brëllaf a firwat kréint en Hunn?
Dëst räich illustréiert Sachbuch stellt néng Déiere vir, déi “Kaméidi” maachen: wéi entsteet dëse Kaméidi a firwat maachen se dës Geräicher iwwerhaapt?
Den Oscar fënnt beim Spillen am Bësch eng al Holzkëscht. Wéi hien se opmécht, fënnt hie kee Schatz dran, mee just Wierder. A wat soll hien dann elo domat maachen?
Zimmlech séier fënnt en dunn awer eraus, datt dës Wierder tatsächlech e ganz besonnesche Schatz sinn…
E wonnerschéin gezeechent Billerbuch iwwert d’Kraaft an d’Schéinheet vun der Sprooch.
An dësem Billerbuch gi 7 lëtzebuergesch Spréchwierder erkläert an illustréiert, verschiddener mat Hëllef vun engem Gedicht, anerer unhand vun enger deels gereimter Fabel.
Esou kréien d’Kanner den néidege Kontext, fir d’Bedeitung vun den eenzele Spréchwierder gutt ze verstoen.
Dëst ass den zweete Band mat 15 Soen aus Lëtzebuerg, déi nei erzielt ginn. D’Soe baséieren erëm op dem Recueil „Sagen des Luxemburger Landes“ vum Nikolaus Gredt aus dem Joer 1883.
Ech an de Jules, mir sinn an der Vakanz op der Insel Kriti. Ënnen um Mieresbuedem fanne mir Kalanaxo, d’Haaptstad vun de Kalamaren. Mir lauschteren d’Melodie vu Kalanaxo a kucken de Kalamare beim Danzen no. An no an no léiere mir déi vill Awunner vu Kalanaxo méi no kennen, wéi zum Beispill de Kaladullo, de Squid, d’Kassandra, d’Kamilla, de Kalaschnikoff, de Kalamaestro.
D’Zwillinge Sophie an David maache Vakanz um Camping vu Gréiwemaacher. Wéi nuets an der Roulotte vun hiren Noperen agebrach gëtt, decidéieren si, en Detektivbüro opzemaachen an dem Déif op d’Spuer ze goen. Dës leed si an de Päiperleksgaart…
Dës ass eng éischt Enquête aus der Serie Detektivbüro D&S.