Hämmelsmarsch

Et ass Kiermes an d’Hämmelsmarschekipp musizéiert am Duerf. Et mécht hinnen därmoosse Freed, datt si ëmmer weiderzéien: si spillen hir Musek an der Stad, um Schantjen, op der Plage, am Mier, am Dschungel, …

D’Geschicht ass deelweis a Reimer geschriwwen, déi awer duerch de Layout vum Text net ëmmer iop den éischte Bléck ze erkenne sinn.

De Maulef Muck

De Maulef Muck kënnt vum Brëllendokter a probéiert verschidde Brëller un: en Taucherbrëll, e Sportsbrëll, e Sonnebrëll a souguer e Vëlosbrëll. Zesumme mam Fiissche reest hien duerch d’Land, fir seng Frënn ze besichen. Si ginn op de Stauséi, an de Mëllerdall, an de Päiperleksgaart an an d’Stad.

Fir all Aktivitéit, déi de Maulef mat senge Frënn ënnerhëlt, huet hien elo de passende Brëll.  

D’Geschicht iwwer Frëndschaft ass a Reimer geschriwwen.

Bill! : e Mupp, dee miaut an sech villes traut

De Bill ass ee ganz aussergewéinlech Mupp. Hien ass flénk, staark, kreativ, ka schwammen, sprangen, a souguer strécken, miauen a fléien. Och liesen a schreiwe kann dee sympathesche klenge Mupp.

Dat eenzegt, wat hien net kann, ass billen. Mee ass dat esou schlëmm? Eigentlech net! 

D’Geschicht kann och unhand vun engem QR-Code gelauschtert ginn an hannen am Buch ass och dem Bill säi Lidd.

Et gëtt d’Buch och op Franséisch.

Du bass besonnesch : dem Pit seng Welt

De Pit erlieft d’Welt anescht wéi déi aner Kanner: hie reagéiert dacks besonnesch sensibel oder jäizt scheinbar ouni Grond. Seng Mamma erkläert mat vill Fangerspëtzegefill, datt hien ebe besonnesch ass. 

An dësem Billerbuch léieren d’Kanner duerch Alldagszeenen, wat et bedeit, Autismus ze hunn. D’Buch sensibiliséiert op eng beréierend Aart a Weis a weist, wéi eenzegaarteg jidderee vun eis eigentlech ass.

Op eenzelne Plazen am Buch taucht e klengen Tëntefësch op, deen op eng Erklärung zum Theema Autismus hannen am Buch verweist.

D’Meedercher kënnen dat och! ; D’Jongen kënnen dat och!

Meedercher spille mat Poppen a Jonge mat Autoen: dat huet jidderee scho mol héieren – och Kanner. Dëst Buch brécht mat de Stereotyppen a weist de Kanner, datt Jongen a Meedercher alles kënnen. Haaptsaach ass, datt si sech dobäi wuelfillen! 

D’Buch liest sech vun 2 Säiten. Esou kënnen d’Rotschléi aus béide Perspektive gelies ginn a weisen de Kanner ganz kloer, datt alles erlaabt ass!

Am Fond-de-Gras : Detektivbüro D & S – diskreet a seriö : zweet Enquête

D’Sophie an den David maache mat hiren Eltere Vakanz Fond-de-Gras. Do iwwernuechten si an engem richtegen Zuchwaggon, fuere mat der Dampflokomotiv a besichen d’Minn.

Enges Nuets héieren si suspekt Geräischer an der Hal nieft hirem Waggon an entdecke véier Persounen, déi näischt Guddes an der Kopp hunn.

Wéi gutt, datt déi jonk Detektiven do sinn, fir de Fall ze léisen.

Dëst ass déi zweet Enquête vun den zwee Detektiv-Geschwëster.

D’Märcheprënze streiken

D’Dornréischen an d’Schnéiwittche kënnen net waakreg gemaach ginn: d’Prënzen hunn es genuch, ëmmer nëmmen d’Nieweroll an de Märercher ze spillen. Si hunn entscheet ze streike bis datt si endlech méi eng grouss Roll kréien.

Also mécht eng Fee e Virschlag: d’Prënze solle mat de Prinzessinnen d’Roll tauschen.

Ob dat wierklech esou eng gutt Iddi ass?

101 Dinoen an alles, wat s du iwwer di wësse muss!

An dësem grousse, faarwege Billerbuch ginn d’Kanner alles iwwer Dinosaurier gewuer: e Bëbee T-rex koum mat Plommen op d’Welt an huet se spéider verluer, déi gréissten Dino-Eeër waren 30 cm grouss, verschidden Dinosaurier hate guer keng Zänn an d’Villercher vun haut sinn d’Nokomme vun den Dinosaurier. 

Eenzel Säite weise keng Sachinformatiounen, mee illustréieren éischter witzeg Zeenen, déi de Kanner hir Fantasie ureege sollen.

Der Maus hire Floss : eng Paddelrees bis bei d’Mier

Déi kleng virwëlzeg Maus paddelt ganz aleng vum hirem Haus am Bësch iwwer de Floss bis bei d’Mier. Ënnerwee begéint si eng Rei Déiere laanscht d’Schleis, an der Stad a beim Mier.

Déi wonnerschéin illustréiert Geschicht ass deelweis a Reimer geschriwwen.Op all duebel Säit sinn Detailer vun der Erzielung hannert deels grousse Klappe verstoppt.

Hannen am Buch ass e Glossaire mat Sachinformatiounen zum Theema Floss.

Op der leschter Säit sinn Objete gemoolt, déi d’Maus agepak huet. Wien fënnt se all erëm? 

De Wollef hëlleft deenen aneren Déieren

D’Schofsmamma freet den hëllefsbereete Wollef fir hiert klengt Lämmchen erëmzefannen. Duerfir leeft deen duerch de ganze Bësch. Ënnerwee begéint hien enger Rei Déieren, déi mam Lämmchen ze dinn haten…

D’Geschicht verweist op eng Rei Fabelen an den Text ass och doduerch net ganz einfach.