Et ass Kiermes an d’Hämmelsmarschekipp musizéiert am Duerf. Et mécht hinnen därmoosse Freed, datt si ëmmer weiderzéien: si spillen hir Musek an der Stad, um Schantjen, op der Plage, am Mier, am Dschungel, …
D’Geschicht ass deelweis a Reimer geschriwwen, déi awer duerch de Layout vum Text net ëmmer iop den éischte Bléck ze erkenne sinn.
Et ass Kiermes an d’Hämmelsmarschekipp musizéiert am Duerf. Et mécht hinnen därmoosse Freed, datt si ëmmer weiderzéien: si spillen hir Musek an der Stad, um Schantjen, op der Plage, am Mier, am Dschungel, …
D’Geschicht ass deelweis a Reimer geschriwwen, déi awer duerch de Layout vum Text net ëmmer iop den éischte Bléck ze erkenne sinn.
D’Emma a säin Hond Sputnik ginn dacks an de Bësch spillen. Enges Daags fënnt d’Emma eppes Gelungenes: e Bengel dee glënnert. Séier mierkt hatt, datt et sech ëm en Zauberbengel handelt.
Vun deem Dag u geet alles vum selwen : d’Zëmmer raumen, d’Hausaufgaben, …
De Maulef Muck kënnt vum Brëllendokter a probéiert verschidde Brëller un: en Taucherbrëll, e Sportsbrëll, e Sonnebrëll a souguer e Vëlosbrëll. Zesumme mam Fiissche reest hien duerch d’Land, fir seng Frënn ze besichen. Si ginn op de Stauséi, an de Mëllerdall, an de Päiperleksgaart an an d’Stad.
Fir all Aktivitéit, déi de Maulef mat senge Frënn ënnerhëlt, huet hien elo de passende Brëll.
D’Geschicht iwwer Frëndschaft ass a Reimer geschriwwen.
Enges Daags fält de klenge Josy vun der Mauer a gëtt vun der Nopesch opgefaang. Zanterhier huet hien ëmmer de Fanger an der Nues: beim Spillen, an der Schoul a souguer wann hie schléift.
Mee firwat huet hien dann nëmmen esou e Bass an der Nues?
De Pappa Grüffelo zielt sengem Kand, datt seng Grousi aus engem frieme Land geschwë bei si op Besuch kënnt.
Well si e gesonden Appetit huet, ginn déi zwee an de Bësch op d’Sich no eppes z’iessen. Mee all Déier, dat si begéinen, huet eng gutt Ausried fir net vun der Grousi gefriess ze ginn.
Schlussendlech huelen si déi kleng Maus mat. Mee déi huet nawell eng gutt Iddi fir net am Dëppen ze landen…
De Bill ass ee ganz aussergewéinlech Mupp. Hien ass flénk, staark, kreativ, ka schwammen, sprangen, a souguer strécken, miauen a fléien. Och liesen a schreiwe kann dee sympathesche klenge Mupp.
Dat eenzegt, wat hien net kann, ass billen. Mee ass dat esou schlëmm? Eigentlech net!
D’Geschicht kann och unhand vun engem QR-Code gelauschtert ginn an hannen am Buch ass och dem Bill säi Lidd.
De Pit erlieft d’Welt anescht wéi déi aner Kanner: hie reagéiert dacks besonnesch sensibel oder jäizt scheinbar ouni Grond. Seng Mamma erkläert mat vill Fangerspëtzegefill, datt hien ebe besonnesch ass.
An dësem Billerbuch léieren d’Kanner duerch Alldagszeenen, wat et bedeit, Autismus ze hunn. D’Buch sensibiliséiert op eng beréierend Aart a Weis a weist, wéi eenzegaarteg jidderee vun eis eigentlech ass.
Op eenzelne Plazen am Buch taucht e klengen Tëntefësch op, deen op eng Erklärung zum Theema Autismus hannen am Buch verweist.
Meedercher spille mat Poppen a Jonge mat Autoen: dat huet jidderee scho mol héieren – och Kanner. Dëst Buch brécht mat de Stereotyppen a weist de Kanner, datt Jongen a Meedercher alles kënnen. Haaptsaach ass, datt si sech dobäi wuelfillen!
D’Buch liest sech vun 2 Säiten. Esou kënnen d’Rotschléi aus béide Perspektive gelies ginn a weisen de Kanner ganz kloer, datt alles erlaabt ass!
Déi kleng Seejomes klappt beim Bier un der Bier: si huet eng Invitatioun op e Fest. Wéi de Bier behaapt, bei him wär kee Fest entdeckt déi kleng Seejomes awer e Schäin am Schlëssellach vun engem Schaf am Bier senger Stuff. Wéi si do raklëmmt, begéint si nach aneren Déieren. Mee keent weess eppes vun engem Fest…
Op all Säit vum Buch ass e klengen Deel ausgestanzt, deen en Detail vun der nächster Säit verréit. Esou kënnen d’Kanner non an no rode wéi d’Geschicht weidergeet.