Vision Lab: De pedagogesche Programm vum Centre national de l’audiovisuel
De pedagogesche Programm vum CNA mécht déi audiovisuell Kultur fir jiddereen zougänglech duerch Visitte vun Ausstellungen, e Bléck hannert d’Kullisse vum CNA, encadréiert Filmseancë fir d’Schoulen, esou wéi praktesch a spilleresch Atelieren. De Service pedagogique vum CNA an artistesch Intervenanteën begleeden déi Jonk dobäi, hire kritesche Bléck, hire Virwëtz an hir Kreativitéit bei der Analys an der Gestaltung vu Biller ze entwéckelen.
De komplette Programm: https://cna.public.lu/fr/learn/visionlab.html
Virum Buchen
Dës Offer gouf vum SCRIPT op d'Extraklass-Krittären iwwerpréift. Et ass Är Verantwortung als Léierpersoun oder Acteur aus dem SEA sécherzestellen, datt dës Offer fir Är Klass oder Äre Grupp gëeegent ass. Wgl. suergt dofir, dass d'Offer mat Ären Ziler, an de Besoine vun de Kanner a Jonken déi dobäi sinn, iwwereneestëmmt.