De Virliesconcours riicht sech u Kanner aus dem Cycle 4.  An der Klass, der Schoul, regional an dann national qualifizéiert sech d’Gewënnerkand fir déi nächst Etapp. Et geet drëm dass d’Kanner 1 Extrait aus engem Kannerbuch virbereeden an deen esou flott wéi méiglech virliesen.E Jury bewäert hir Leeschtung an decidéiert ob se 1 Etapp weiderkommen

An der Klass an der Schoul geet et ëm 1 Virliessprooch (Lëtzebuergesch, Daitsch oder Franséisch), vun der regionaler Véierelsfinall u kënnt en 2. Virliessprooch derbai (Lëtzebuergesch, Daitsch, Franséisch oder Englesch). Vun do u kréien d’Kanner hir Texter och imposéiert.

Dënn Ofschloss mécht déi national grouss Finall zu Esch am Ariston den 29.06.2027, an där déi 8 bescht VirlieserInnen live géinteneen untrieden.

Den Enseignant an de Schoulbibliothecaire ënnerstëtzen d’Kand beim Concours z.B. mat Tipps zum Virliesen an der Wierl vun engem Extrait.

De Schoulbibliothecaire mëllt de/d’SchoulgewënnerIn bis de 05.02.2027 hei iwwer Extraklass un.

 

Virum Buchen
Dës Offer gouf vum SCRIPT op d'Extraklass-Krittären iwwerpréift. Et ass Är Verantwortung als Léierpersoun oder Acteur aus dem SEA sécherzestellen, datt dës Offer fir Är Klass oder Äre Grupp gëeegent ass. Suergt wgl. dofir, datt d'Offer mat Ären Ziler an de Besoine vun de Kanner a Jonken, déi dobäi sinn, iwwereneestëmmt.
  • Datum vun der Offer
    27/10/2026 bis den 05/02/2027
  • Zilgrupp(en)
    Enseignement Fondamental
  • Themeberäicher
    Sproochen, Kommunikatioun & Méisproochegkeet
  • Format
    Concours
  • Maximum u Participanten
    800
  • Adress vun der Offer
    Déi éischt Etappe lafen an de Grondschoulen. Duerno geet de Concours mat Audiofichier weider.
    D'Finall ass dem 29.06.27 am Ariston zu Esch.
D'Texter sinn deelweis mat KI iwwersat. Dës Iwwersetzunge leien an der Verantwortung vum Partner.