Atelier 2 en 1

En Iwwerbléck iwwer d’Lëtzebuerger Wirtschaft an eng Aféierung an den Entrepreneuriat

Ziler:

  • Fir e Verständnis vun der lëtzebuerger Wirtschaft, hirer Diversitéit an hiren Haaptsecteuren ze kréien.
  • Fir d’Bewosstsinn fir d’geographesch, strukturell a kulturell Stäerkten vum Land ze stäerken.
  • Entrepreneuriat an d’eenzel Schrëtt fir eng Entreprise opzebauen ze erklären.

Riedner:

  • Ekonomisten vun der Chamber de Commerce, Beroder vum House of Entrepreneurship an, op Ufro, e Virtrag vun engem Entrepreneur, deen seng Erfarungen deelt.

Fir Iech fir dësen Atelier unzemellen oder weider Informatiounen ze kréien, sti mir Iech gär zur Verfügung. Kontaktéiert eis w.e.g. per E-Mail op: ree@cc.lu

Raiffeisen School

Finanzbildung fir de Lycée!

En educative Moien um Siège vun der Banque Raiffeisen zu Leudelange.

All Sessioun besteet aus engem Basismodul, zu deem d’Léierpersonal jee no Alter an Niveau vun der Klass souwéi dem Léierplang een oder zwee zousätzlech Moduler derbäisetzen kann. E flexible Programm, deen op d’Bildungsbedierfnesser zougeschnidden ass.

  • Basismodul:
    De Finanzsecteur a Lëtzebuerg, d’Roll vun der Bank an wéi si funktionéiert, d’Roll vun der EZB an der CSSF, verschidde Banktypen, retail bank – Produkter a Servicer, Fäll vu Bedruch, Nohaltegkeet
  • Modul „Budget”:
    d’Wichtegkeet vun engem Budget, verschidden Aarte vu Recetten a Ausgaben, den Ënnerscheed tëscht brutto- a netto Salaire; een eegene Budget opstellen an wéi een sech drun hällt
  • Modul „Spueren”:
    D’Wichtegkeet vum Spueren, verschidde Spuerformen an hir Zwecker (Spuerkonten, Dépôt à terme, Bausparvertrag, Zousazpensioun, Liewensversécherung, …), den Ënnerscheed tëscht Spueren an Investéieren
  • Modul „Krediter”:
    Wéini een e Kredit soll ophuelen, verschidde Kredit-Arten, den Ënnerscheed tëscht engem Kredit an Leasing, wéi een Immobilienkredit funktionéiert, den Ënnerscheed tëscht fixen a variabelen Zënssätz, d’Wichtegkeet vum Eegenkapital, Beispiller mat Simulatiounen