Vu wou kommen d’Bébéen?

Vu wou kommen d’Bébéen? Wéi fänken se un ze wuessen? Wat geschitt am Bauch vun der Mamm? A wéi ginn se gebuer?

An dësem Workshop léieren d’Kanner op eng einfach, altersgerechte Manéier, wéi eng Schwangerschaft ufänkt, wéi e Puppelchen an der Gebärmutter sech entwéckelt a wéi et gebuer gëtt. Mat Hëllef vun pädagogesche Materialien erkläre mir d’Grondlagen vun der Reproduktioun, d’Eezellen an d’Spermien, d’Schwangerschaft an d’Gebuert.

De Workshop leet och grousse Wäert op d’Froe vun de Kanner, an engem ënnerstëtzenden Ëmfeld, wou jidderee sech fräi auszedrécke kann, säi Wëssen deele kann a passend, oppen Äntwerten ze kréien.

D’Zil ass et, de Kanner ze hëllefen, hiren eegene Kierper besser ze verstoen, wéi e Puppelchen sech entwéckelt an déi verschidde Phasen vun der Gebuert, mat Informatiounen, déi op hiert Alter an hieren Entwécklungsstand ugepasst sinn.

Mäi Kierper gehéiert mir!

Eisen Atelier “Mäi Kierper gehéiert mir!” soll Kanner doran bestärken op hiert Bauchgefill ze lauschteren, ze verstoen, dass et Kierpergrenzen ginn an dass se diefen Hëllef froen wann hier Grenzen net repektéiert goufen.

Den Atelier besteht aus dräi Deeler:

  • Enger Virstellungsronn wou d’Kanner mat Emotiounskaarten hiert Gefill kënne matdeelen;
  • Een Haaptdeel, deen doranner besteht op engem Ëmrëss vun engem Mënsch, dee mir op ee Blat molen, kënne gréng/roud Stickeren ze pechen fir Grenzen a Limiten op hierem Kierper ze visualiséieren;
  • Als Ofschloss kuke mir mat de Kanner e Buch wat dat, wat mir bis dohi gekukt hunn nach eng Kéier widderhëllt an d’Kanner lues a lues bekräftegt ganz haart “Nee” ze soen.

D’Ziiler vun dësem Atelier sinn:

  • Grenzen vu mengem Kierper ze erkennen an auszedrécken;
  • Grenzen vun deenen aneren ze respektéieren;
  • meng Gefiller ze erkennen an auszedrécken;
  • meng Kierperdeeler richteg ze bennen;
  • ze wëssen wat “privat” an “intim” bedeit;
  • ze wëssen ween mäi private Beräich upaacken dief a wéini;
  • ze wëssen bei weem ech no Hëllef froe kann, ween meng Vertrauenspersounen sinn;
  • Nee soe ze kënnen.