D’Welt vun den Timberen entdecken

D’Timbere sinn Alldagsobjeten, déi Kommunikatioun, Geschicht a Kultur a mat kënschtlerescher Kreatioun kombinéieren.

Duerch hir villfälteg Illustratiounen erzielen d’Timbere Geschichten a setze Plazen, Leit, Déieren a wichteg Eventer an de Fokus. Gläichzäiteg dénge si och als Inspiratiounsquell fir kënschtleresch a kreativ Aktivitéiten.

Dësen edukative Workshop erlaabt de Schüler, d’Welt vun den Timberen ze entdecken. Si kréien erkläert, wéini a wéi een en Timber benotzt, wéi en Timber entsteet an hirgestallt gëtt, a se ginn och méi iwwert d’Villfalt vun den Timbere gewuer.

Am Bësch aktiv – Kreativitéit an der Natur

De Bësch ass net nëmmen e Raum fir Beweegung an Entdeckung, mee och eng grouss Inspiratiounsquell fir kreativ Prozesser. Mat Blieder, Äscht, Steng, Schuel, Buedem an anere Naturmaterialie gestalten d’Kanner eege Wierker, bauen, experimentéieren a setzen hir Iddien direkt an der Natur ëm.

Dobäi steet net dat „perfekt Resultat“ am Mëttelpunkt, mee de kreative Prozess: observéieren, ausprobéieren, veränneren an nei Léisunge fannen. D’Aktivitéite fërderen d’Fantasie, d’Feinmotorik, d’Wouernehmung an den eegene kreativen Ausdrock. Gläichzäiteg léieren d’Kanner d’Naturmaterialien an hir Ëmwelt bewosst a respektvoll kennen.

D’Inhalter ginn dem Alter, dem Entwécklungsstand an de Besoine vun der Klass ugepasst a kënnen individuell un d’Themen oder Projeten aus dem Schoulalldag ugeknäppt ginn.

Zilgrupp: Cycle 1–4
Duerchféierung: Mobil duerch ganz Lëtzebuerg
Dauer: variabel (min. 3h) eemoleg oder méi oft
Remarque: kombinéierbar mat aneren Themen