Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer ass eng Grondlag fir eng gerecht Gesellschaft. Mat ‘EQUALL – Alles sinn, alles ginn’ gëtt dëst Thema fréi an d’Schoul gedroen.
De Projet kann am Enseignement fondamental agesat ginn, fir:
- Geschlechterstereotyppe sichtbar ze maachen,
- se ze hannerfroen,
- a Perspektiven opzeweisen, déi d’Chancëgläichheet stäerken.
D’Zil: D’Kanner solle gesinn, datt all Kand alles ka ginn – onofhängeg vum Geschlecht.