Escher Theater – Spectacle Nikki Ninja & d’Wibbeldidubs

Räppeldéng ass d’Mëtt vun der Welt – wéinstens un dësem Owend. Nom Succès vun hirer Kreatioun Nikki Ninja & Afrobeathoven – engem Projet vum Nicole Bausch an dem Dan Tanson – sinn d’Nicole an de Pol Belardi ee Schrëtt weider gaang. Op en Neits gi si d’Bün fräi fir d’Nikki Ninja a seng Frënn wéi d’Katsuro Kaz, de Benji Bier oder d’Schwéngi Schwäin. Zesumme si si d’Wibbeldidubs – alleguerte komme si aus dem latzege Räppeldéng, an alleguerten hu si grouss Wënsch: Musek ze maachen, vill Léift an Tralala an d’Welt ze bréngen an hir Superninjakraaft ze fannen. An de Lidder, déi d’Nicole geschriwwen an de Pol komponéiert huet, ginn hir Geschichte mat vill Witz erzielt. Et ass eng Aventure voll mat musikaleschen Aflëss fir déi ganz Famill, ganz egal ob een d’Nikki Ninja scho vum éischten Album hir kennt oder net. Begleet gëtt d’Nicole um Mikro vum Tanja Duprez, an de Pol um Bass gëtt ënnerstëtzt vum Niels Engel un den Drums an dem Joe Schmitz un de Keys.

Reservéierungs ufro: Nikki Ninja & d’Wibbeldidubs – Escher Theater

 

Léiert e Bréifdréier kennnen (ab 4 Joer)

E Bréifdréier kënnt an Är Klass/Grupp fir Iech seng Aarbecht virzestellen, Är Froen ze beäntwerten, a vläicht kënnt Dir esouguer e Bléck a seng Camionnette geheien.

Journées du livre et du droit d’auteur

D’Journées du livre et du droit d’auteur sinn all Joer ronderëm den internationalen Dag vum Buch, den 23. Abrëll, a stinn ënnert engem Theema.
D’Evenement riicht sech virrangeg un d’Schülerinnen a Schüler aus dem Enseignement fondamental. Och Lycéeën kënne awer drun deelhuelen. Matmaache kann een als Klass, Zyklus oder ganz Schoul.
De SCRIPT proposéiert eng Bicherlëscht an d’Schoulen organiséieren Aktivitéiten ronderëm d’Theema vum lafende Joer.
Jiddwer Schoul soll d’Aktivitéiten dokumentéieren an am Mee dem SCRIPT eraschécken.
Um Enn vum Schouljoer kréien d’Schoulen, déi matmaachen e Bichermerci geschéckt.

Am Hierscht gëtt et e Réckbléck op d’Journées du livre et du droit d’auteur.

Faces in Places

D’Fassade vun de Haiser an d’Stroossemiwwel kommen zum Liewen ënnert den Ae vun de Schüler.innen! An dësem Atelier entdecken si d’Stad Diddeleng nei a sichen no verstoppte Gesiichter am Staddekor. Duerch d’Lëns vun der Kamera loosse si hirer Fantasie fräie Lafen an entwéckele Virwëtz a Kreativitéit. D’Resultat ass eng originell Gruppenausstellung, déi si mat hirer Schoulgemeinschaft deele kënnen.