Sozial, ekonomesch a kulturell Inegalitéiten verstoen

D’ONGD proposéiert verschidden Atelieren, fir Kanner aus dem Fondamental, fir d’Lycée’s Schüler a fir d’Scouten ; dobäi stäipe mir ons op d’Scoute-Method vum «Learning by doing», an dat mat pädagogeschen an theoreteschen Aktivitéiten déi d’Kreativitéit mat instruktive Spiller verbannen. Mir pochen dobäi op d’Verbonnenheet mat onse Partner aus dem Süden (Senegal, Niger, Cabo Verde) a ginn dobäi dem Austausch ënnert de Jonken eng grouss Wichtegkeet.

D’Atelieren fir d’Lycéeën kënne punktuell oder modulabel sinn ; si hunn als Thema d’Kannerrechter oder d’ODD4 (Objectif de développement 4 vun der Unesco) : den Zougank zu enger Ausbildung vu Qualitéit, den Austausch tëschent Kulturen, an d’Solidaritéit.

Ons Atelieren passen sech den Ufroe vun den Enseignantën oder Gruppechef un. Zéckt net fir ons ze kontaktéieren, a sot ons wat är Ideeën an är Wënsch sinn.

Atelier pédagogique EQUALL

Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer ass eng Grondlag fir eng gerecht Gesellschaft. Mat ‘EQUALL – Alles sinn, alles ginn’ gëtt dëst Thema fréi an d’Schoul gedroen.

De Projet kann am Enseignement fondamental agesat ginn, fir:

  • Geschlechterstereotyppe sichtbar ze maachen,
  • se ze hannerfroen,
  • a Perspektiven opzeweisen, déi d’Chancëgläichheet stäerken.

D’Zil: D’Kanner solle gesinn, datt all Kand alles ka ginn – onofhängeg vum Geschlecht.