Marguerite, eng Léierin an den 1920er Joren

Mat dem pedagogesche Koffer reesen d’Kanner zréck an d’Zäit an entdecken den Alldag vun enger Léierin ëm 1925. De Rondgang ass als spillerescht Abenteuer mat Rätselen opgebaut a follegt der Geschicht vum Marguerite Schmit, enger fiktiver Figur, déi op historesche Recherchë baséiert. Esou kréien d’Kanner e liewegen Abléck an d’Schoul an d’Gesellschaft vun där Zäit.

Dës spilleresch a léierräich Zäitrees huet verschidden Ziler:

  • En Abléck an d’Beruffsliewe vun enger Léierin um Ufank vum 20. Joerhonnert ginn
  • D’Entwécklung vun der Schoul an der Roll vun der Fra am Laf vun der Zäit weisen
  • Zum kriteschen Nodenken iwwer d’Positioun an d’Bild vun der Fra an der Gesellschaft ureegen

D’Kanner begleeden d’Marguerite bei hirer Aarbecht a léisen dobäi verschidden Aufgaben. All Fach vum pedagogesche Koffer ass engem bestëmmten Thema gewidmet an enthält Rätselen zu Objeten aus dem Musée. Dës Objeten invitéieren dozou, genau ze kucken, ze diskutéieren an nozedenken. All richteg geléisten Aufgab erméiglecht e weidere Schrëtt am Spill an d’Sammele vun enger Ziffer fir e geheime Code. Um Enn vum Parcours mécht dëse Code eng Schatzkëscht op – déi verdéngte Belounung fir déi gemeinsam Efforten!

De Besuch am Musée gëtt duerch e prakteschen Atelier ergänzt, an deem d’Kanner léieren, Sütterlin, eng al däitsch Handschrëft, ze schreiwen. Mat Fieder an Tënt léieren si dës usprochsvoll Schrëft kennen, déi d’Feinmotorik, d’Gedold an d’Ae fir den Detail fërdert. Als Erënnerung gestalt all Kand eng personaliséiert Gléckwonschkaart am Sütterlin – en eenzegaartegen Objet fir ze behalen oder ze verschenken.

Duerch dësen originellen Usaz entdecken d’Kanner d’Schoul vun deemools a kënnen dobäi Bezich zu hirem eegenen Alldag hierstellen. De pedagogesche Koffer an den ergänzenden Atelier bidden en eenzegaartegt pädagogescht Erliefnes, dat Geschicht, Spill, Reflexioun a Kreativitéit matenee verbënnt.

 

Firwat de Besuch net mat engem leckere Miseler Iessen ofronnen?

De Musée « A Possen » bitt zesumme mam Restaurant « Wäistuff Possenhaus » , deen direkt nieft dem Musée läit, en ofwiesslungsräicht Erliefnes. Sou kënnt Dir Äre Besuch bei engem gemittlechen Iessen ausklénge loossen, dat och op de Goût vun de Kanner ofgestëmmt ass.

Méi Informatiounen iwwer d’Menüen an d’Tariffer sinn op Ufro beim Musée am Viraus verfügbar.

Papa Frita

Plongez vos élèves dans une aventure captivante avec Papa Frita, une animation interactive conçue pour explorer l’alimentation durable et le commerce équitable !

De la pomme de terre à la frite, vos élèves partiront à la découverte des étapes de cette transformation, tout en rencontrant les acteurs clés de la chaîne alimentaire.

Ils seront amenés à réfléchir aux questions de rémunération équitable et de distribution des revenus, tout au long de cette chaîne. Grâce à un reportage qui se déroule au Pérou, vos élèves découvriront des exemples concrets d’initiatives soutenues par Iles de Paix, enrichissant ainsi leur compréhension du sujet.

Nous terminons cette expérience en classe en invitant vos élèves à identifier des labels et à réfléchir à leur signification, leur donnant ainsi les bases pour faire des choix alimentaires plus conscients et responsables.

Chroniques climatiques : Histoires d’humains et de climat

« Chroniques climatiques : Histoires d’humains et de climat », l’exposition qui donne un visage aux changements climatiques. Plongez dans les récits immersifs et captivants qui explorent les impacts des dérèglements climatiques sur des habitants du Groenland, du Mali et du Pérou. Inspirée du webreportage de “Humans and Climate Change Stories”, cette exposition met en lumière la manière dont le réchauffement climatique transforme des vies, des cultures et des paysages, tout en établissant un lien avec les réalités locales.

Conçue spécialement pour un public scolaire (élèves du fondamental et du secondaire), l’exposition invite les jeunes visiteurs à s’interroger sur les conséquences visibles et invisibles des changements climatiques, non seulement dans des régions éloignées, mais aussi dans leur environnement quotidien. À travers des photos saisissantes et des témoignages bouleversants, les élèves découvrent des histoires humaines d’adaptation, de résilience et de vulnérabilité face à une crise globale.

L’exposition peut aussi être accompagnée d’un atelier de 100 minutes :

Celui-ci est constitué de quatre parties : une introduction en formulant avec les jeunes des hypothèses sur les changements climatiques; un rallye-lecture qui permet de découvrir l’exposition à travers une recherche d’informations ; une discussion sur base du rallye-lecture où chacun.e devient un protagoniste rencontré dans l’exposition; et finalement une réflexion sur les actions engagées en faveur du climat.