D’Welt vun den Timberen entdecken

D’Timbere sinn Alldagsobjeten, déi Kommunikatioun, Geschicht a Kultur a mat kënschtlerescher Kreatioun kombinéieren.

Duerch hir villfälteg Illustratiounen erzielen d’Timbere Geschichten a setze Plazen, Leit, Déieren a wichteg Eventer an de Fokus. Gläichzäiteg dénge si och als Inspiratiounsquell fir kënschtleresch a kreativ Aktivitéiten.

Dësen edukative Workshop erlaabt de Schüler, d’Welt vun den Timberen ze entdecken. Si kréien erkläert, wéini a wéi een en Timber benotzt, wéi en Timber entsteet an hirgestallt gëtt, a se ginn och méi iwwert d’Villfalt vun den Timbere gewuer.

DIY Pico Synth

DIY Pico Synth ass e Museksworkshop, an deem d’Participanten d’Méiglechkeet hunn, e Synthesizer, deen speziell fir dëse Workshop entwéckelt gouf, zesummenzestellen, deen si duerno kënne benotzen, fir Musek ze maachen.

D’Participanten léieren d’Grondlagen vun der Programméierung an der digitaler Tounproduktioun a kréien en Abléck, wéi elektronesch Komponenten funktionéieren (wat eng Schaltplack, e Potentiometer an e Mikrocontroller sinn, an wéi e Knäppchen funktionéiert). Am leschte Deel léieren si, wéi een Tounen a digital Musek kreéiert.

D’Participanten kënnen hiren Synthesizer duerno heem huelen, fir hir musikalesch Exploratiounen weiderzeféieren.

En eenzegaartegen Workshop, entworf fir all Altersgruppen ab 9 Joer.