Thematesch Workshops an der Natur

D’Natur an de Bësch bidden ideal Méiglechkeeten, fir Themen aus dem Schoulprogramm praktesch, konkret an erliewbar ze verdéiwen. An dëse Workshops ginn ausgewielte Léierinhalter opgegraff an duerch Aktivitéiten, Experimenter, Beobachtungsaufgaben an Entdeckungen an der Natur ergänzt.

Besonnesch Themen aus de Beräicher Natur, Ëmwelt, Déieren, Planzen, Bësch, Joreszäiten oder Biodiversitéit kënne sou ausserhalb vum Klassesall op eng aktiv an handlungsorientéiert Aart a Weis behandelt ginn. D’Kanner kënnen dat, wat si am Schoulprogramm léieren, direkt an der Natur entdecken, ausprobéieren an a konkrete Situatiounen erëmfannen.

D’Inhalter ginn individuell un den Alter, de Cycle, d’Schoulprogramm an d’aktuell Themen aus dem Schoulalldag ugepasst. Esou kann de Workshop gezielt als praktesch Ergänzung zum Schoulprogramm agesat ginn.

Zilgrupp: Cycle 1–4
Duerchféierung: Mobil duerch ganz Lëtzebuerg
Dauer: Variabel, mindestens 3 Stonnen; eemoleg oder als Serie vu méi Atelieren
Remarque: Themen an Inhalter kënnen individuell un de Schoulprogramm an d’Besoine vun der Klass ugepasst ginn.