Roboter-Challenge: Bauen, Innovéieren, Kodéieren a se beweegen! (AlgoPlay & RoboToys)

Wärend dëse Sessiounen entdecken d’Kanner d’Grondlagen vun der Programméierung an der Robotik, andeems si hir eege Kreatiounen bauen, programméieren a testen. Si benotzen Baublocken a Programméierungselementer, fir Instruktiounen un hir Modeller ze ginn an se zum Laafen ze bréngen.

Duerch spaasseg a praktesch Erausfuerderungen léieren d’Kanner kritesch ze denken, ze experimentéieren, Problemer ze léisen an am Team ze schaffen, während si hiert logescht Denken an hir Kreativitéit entwéckelen.

AlgoPlay

D’AlgoPlay-Programm léiert de Kanner d’Grondlagen vun der Programméierung an der Mechanik duerch Bastel- a Codéierungsaktivitéiten.

All Sessioun erlaabt de Kanner, e Programméierungsprinzip ze entdecken an et duerno duerch e Bauprojet oder eng Erausfuerderung an d’Praxis ëmzesetzen. Si léieren lues a lues, Instruktiounen ze ginn, Bedéngungen a Schleifen ze benotzen, Feeler z’identifizéieren an hiert Programm ze verbesseren.

Léierzieler

Kanner kënnen:

  • duerch Bauen a Programméieren kreéieren an innovéieren;
  • d’Grondlagen vun der Programméierung verstoen;
  • Instruktiounen un e Modell ginn, fir et zum Laafen ze bréngen;
  • entdecken, wéi Bedéngungen a Schleifen funktionéieren;
  • hiert logescht an algorithmescht Denken entwéckelen;
  • verschidde Léisungen ausprobéieren fir e Problem ze léisen;
  • hir eege Modeller bauen a testen;
  • an Team schaffen a hir Iddien deelen.

RoboToys

RoboToys ass e Programm, dat Kanner erlaabt, Robotik, Programméierung an mechanescht Design méi déif ze entdecken.

All Sessioun konzentréiert sech op d’Bau an d’Programméiere vun engem Roboter oder engem Modell. Kanner entdecken, wéi e Roboter Instruktiounen kritt, Aktiounen ausféiert an op verschidde Situatiounen reagéiert.

Duerch progressiv Erausfuerderungen léieren si, Konstruktioun, Programméierung an Logik ze kombinéieren, fir Roboter ze kreéieren, déi fäeg sinn, verschidde Aufgaben auszeféieren.

Léierziler

Kanner kënnen:

  • d’grondleeënd Prinzipien vun der Robotik verstoen;
  • e Roboter bauen a programméieren;
  • entdecken, wéi Instruktiounen benotzt ginn, fir e Roboter ze kontrolléieren;
  • hir logescht an algorithmësch Denken entwéckelen;
  • den Zesummenhang tëscht engem Programm an den Aktiounen vun engem Roboter verstoen;
  • testen, modifizéieren a verbesseren hir Programmer;
  • Problemer duerch verschidde Robotik-Herausfuerderungen léisen;
  • hir Kreativitéit an Innovatiounsfäegkeet entwéckelen;
  • als Team zesumme schaffen fir eng Léisung ze entwéckelen an ze verbesseren.

 

Thematesch Workshops an der Natur

D’Natur an de Bësch bidden ideal Méiglechkeeten, fir mat alle Sënner ze léieren, ze entdecken an nei Erfarungen ze sammelen. Dës thematesch Workshops riichte sech u Schoulklassen an u Kannergruppen aus der non-formaler Bildung, zum Beispill aus Maisons relais an anere Bildungs- a Betreiungsstrukturen. Duerch praktesch Aktivitéiten, Experimenter, Beobachtungsaufgaben a gemeinsam Entdeckunge ginn Themen aus der Natur konkret an erliewbar.

Am Mëttelpunkt stinn Themen ewéi Natur, Ëmwelt, Déieren, Planzen, Bësch, Joreszäiten a Biodiversitéit. D’Kanner kënnen hir eege Froen an Interessen abréngen, ausprobéieren an Zesummenhäng an hirer Ëmwelt entdecken. Dobäi ginn hir Virwëtzegkeet, hir Beobachtungsfäegkeet, hir Selbststännegkeet an d’Zesummenaarbecht an der Grupp gefërdert. Gläichzäiteg entwéckele si e bewossten a respektvollen Ëmgang mat der Natur.

D’Inhalter an d’Aktivitéite ginn individuell un den Alter, den Entwécklungsstand, d’Interessen an d’Besoine vun de Kanner souwéi un déi pädagogesch Ziler vun der Grupp ugepasst. Am schoulesche Beräich kënnen d’Workshops de Schoulprogramm an aktuell Unterrechtsthemen praktesch ergänzen. An der non-formaler Bildung knäppe si un d’Erfarungen an den Alldag vun de Kanner souwéi un d’Themen a Projete vun der Ariichtung un a bidden Raum fir spillerescht, selbstbestëmmt a gemeinsamt Léieren.

  • Zilgrupp: Schoulklassen aus de Cyclen 1–4 a Kannergruppen aus der non-formaler Bildung; d’Aktivitéite ginn altersgerecht ugepasst.
  • Duerchféierung: Mobil duerch ganz Lëtzebuerg
  • Dauer: Variabel, mindestens 3 Stonnen; eemoleg oder als Serie vu méi Atelieren
  • Remarque: Themen an Inhalter ginn am Virfeld mat de Léierpersounen oder dem pedagogeschen Team ofgestëmmt an un d’Besoine vun der Klass oder der Grupp ugepasst.

.