Am Kader vun dëser thematescher Visitt mat Atelier entdecken d’Kanner d’Geschicht vum ländleche Liewen un der lëtzebuergescher Musel am 19. a fréien 20. Joerhonnert. Zesumme mat engem Muséeguide entdecken si fir d’éischt d’Sammlunge vum Musée. Duerno geet et an e kreativen Atelier, dee vun enger Mediatrice geleet gëtt. Kreativitéit, kleng historesch Geheimnisser, spannend Geschichten a vill Entdeckunge stinn am Mëttelpunkt vun dësem besonneschen Erliefnes!
No enger Visitt vun ongeféier enger Stonn stellen d’Kanner en traditionellt Spill hier: Tic-Tac-Toe. An dësem Atelier, dee vun enger Mediatrice geleet gëtt, bitzen, molen a spillen d’Kanner. Dobäi experimentéieren si mat verschiddene Materialien, wéi Stoff, Steng a Faarwen, a kënnen hirer Kreativitéit fräie Laf loossen!
Soubal hiert eegent Spill fäerdeg gebitzt, gestalt a bemoolt ass, kréien d’Kanner nach e puer Tipps, fir zu richtegen Tic-Tac-Toe-Championen ze ginn. A keng Suerg: Och wann een net gewënnt, geet keen als Verléierer aus dësem Atelier eraus – jidderee kann säin individuellt Spill mat heem huelen! Dësen ënnerhalenden Atelier invitéiert dozou, Geometrie op eng spilleresch Manéier ze entdecken an dobäi der eegener Kreativitéit fräie Laf ze loossen.
Firwat de Besuch net mat engem leckere Miseler Iessen ofronnen?
De Musée « A Possen » bitt zesumme mam Restaurant « Wäistuff Possenhaus » , deen direkt nieft dem Musée läit, en ofwiesslungsräicht Erliefnes. Sou kënnt Dir Äre Besuch bei engem gemittlechen Iessen ausklénge loossen, dat och op de Goût vun de Kanner ofgestëmmt ass.
Méi Informatiounen iwwer d’Menüen an d’Tariffer sinn op Ufro beim Musée am Viraus verfügbar.