Atelier pédagogique ‘ChmenKi! – Ech sinn de Chef vu mengem Kierper!’

All Kand huet d’Recht, viru Gewalt an all hire Forme geschützt ze ginn. Dat steet am Artikel 19 vun der UN-Kannerrechtskonventioun.

D’Schoul spillt hei eng entscheedend Roll, well si d’Méiglechkeet bitt, Kanner fréi a reegelméisseg ze stäerken an ze sensibiliséieren. Fir dat z’erméiglechen, huet de SCRIPT 2022 de Präventiounsprojet ChmenKi! entwéckelt.

6 Grondprinzippien:

  1. Mäi Kierper gehéiert mir.
  2. Ech ënnerscheeden tëscht gudden, schlechten a komesche Beréierungen.
  3. Ech vertraue menge Gefiller.
  4. Ech däerf Nee soen!
  5. Ech ënnerscheeden tëscht gudden a schlechte Geheimnisser.
  6. Ech däerf a soll mir Hëllef siche goen.

Dës Prinzippie ginn duerch Aarbechtsblieder, Lidder an Theateraktivitéiten thematiséiert. Den Atelier gëtt zesumme mam Enseignant oder der Enseignante ofgehalen a dauert:

  • bis zu 2h fir de Cycle 1
  • bis zu 2h30 fir de Cycle 2
  • bis zu 3h30 fir d’Cyclen 3 a 4

D’Eltere kréien am Viraus en Informatiounsbréif.

Pedagogescht Material

  • En Dossier pédagogique mat 24 Aktivitéiten (Cycle 2 a Cyclen 3–4) begleet de Projet. En ass bestellbar iwwer de Catalogue : Matériel didactique vum Educatiounsministère 2026-2027. Virum Atelier sollt den Dossier fir all Schüler a Schülerin bestallt ginn.
  • Fir de Cycle 3 gëtt et zousätzlech d’Geschicht ‘A wien ass dann hei de Chef?’, op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch.
  • D’Material ass och digital um Internetsite heydoo.lu ze kréien.