Wuerzelwierk – e besonnesche Workshop iwwer Ernärung an Ëmwelt
Wuerzelwierk ass en edukativen a partizipative Projet, deen d’Kanner fir eng nohalteg Ernärung, Biodiversitéit an eng ëmweltfrëndlech Landwirtschaft sensibiliséiert. Duerch praktesch Atelieren direkt op Bauerenhäff a solidarësche Gäert kënnen d’Participanten entdecken, wou eis Liewensmëttel hierkommen a wéi Landwirtschaft, Ernärung, Gesondheet, Déierewuel, Biodiversitéit a Klima matenee verbonne sinn.
D’pädagogesch Ziler vum Projet sinn:
- Bewosstsinnsbildung iwwer d‘Zesummenhäng vu Liewensmëttelproduktioun, Gesondheet an Ëmweltschutz
- Wëssensvermëttlung iwwer solidaresch an nohalteg Produktiounsmethoden an e verantwortungsvolle Konsum
- Fërdere vum Kontakt tëscht Produzenten, Handel a Konsumenten
- Fërdere vun engem interkulturellen an intergenerationellen Austausch an enger multisektorieller Zesummenaarbecht