Du wëlls Beweegung an däi schouleschen Alldag abauen, och iwwert de Sportunterrecht eraus? Du wëlls reegelméisseg nei Iddie fir Beweegungsaufgaben? An du mengs, datt deng Klass prett ass, fir un eiser WibS-Beweegungs-Challenge deelzehuelen a flott Präisser ze gewannen? Da bass du hei genee richteg. Gëff alles, zesumme mat denge Schoulkanner, a gewann den Titel „Déi beweeglechst Klass 2027“
WibS-Beweegungschallenge – “Déi beweeglechst Klass 2027”
Du wëlls Beweegung an däi schouleschen Alldag abauen, och iwwert de Sportunterrecht eraus? Du wëlls reegelméisseg nei Iddie fir Beweegungsaufgaben? An du mengs, datt deng Klass prett ass, fir un eiser WibS-Beweegungs-Challenge deelzehuelen a flott Präisser ze gewannen? Da bass du hei genee richteg. Gëff alles, zesumme mat denge Schoulkanner, a gewann den Titel „Déi beweeglechst Klass 2027“
Âge / Cycle: réguler la précision, la coordination et l’adaptation des enchaînements d’actions motrices en fonction des exigences de la tâche
Playfully
Dësen Atelier bitt eng spannend 360° Kierperrees mat Beweegungen aus der Welt vum Danzen, aus der Welt vun der Kampfkonscht an dem Animal Flow déi de Kanner erméiglecht hir Motorik a Kierperdynamiken ze entdecken an ze entwéckelen. Duerch natierlech Beweegungen, Reflexer, kreativ Koordinatiouns- a Mobilitéitsspiller, erliewen d’Kanner den Danzkierper an all senger Villfältegkeet. Verschidde kreativ Übunge gi gewisen, déi och am Alldag kënne gemaach ginn, fir sech besser ze spieren an nei kreativ Iddien ze entwéckelen.
D’Zil vun dësem Atelier ass et eis Orientéierung am Raum ze verbesseren, op eisen Instinkt ze lauschteren an dësem ze vertrauen. Mir léieren Signaler aus eisem Banneschten ze erkennen, op des ze lauschteren, a se gläichzäiteg positiv ze fërderen. De Fokus ass de Léier- an Experimentéierungsprozess ze genéissen, ouni sech dobäi op e bestëmmt Resultat oder sos festgeluechten Erwaardungen ze fixéieren.
Mir ginn eisen Impulser no a loossen eis fräi vun der Beweegung féieren. Duerch dës Praxis verbanne mir eis ëmmer erëm bewosst mat eisem Kierper a bauen no an no e méi grousst Kierperbewosstsinn op.
Am Kader vun dësem Atelier entdecke mir och den „eidele“ wéi och den „oppene“ Raum. Mir trëppelen duerch dëse Raum, beweegen eis bewosst an entwéckelen sou een nuancéiert Raumgefill. Och am Chaos kënne mir eis Plaz an och eis Rou fannen.
Konkret besteet déi Offer aus:
° Kreativ Beweegungssequenzen opbauen
° Muskulaturübungen fir déi ganzheetlech Stäerkung
° Reflexspiller
° 360° Kierperbewosstsinn entwéckelen
° Reaktivitéit verbesseren