De Bësch bitt vill Méiglechkeeten, fir Zesummenaarbecht op eng aktiv a konkret Aart a Weis ze erliewen. Bei kooperative Spiller, klengen Teamaufgaben a gemeinsamen Erausfuerderunge léieren d’Kanner, sech ofzeschwätzen, nozelauschteren, Iddien anzebréngen an zesumme Léisungen ze fannen.
Am Mëttelpunkt stinn net Konkurrenz a Leeschtung, mee d’gemeinsam Erliefnisser an d’Erfarung, datt vill Aufgaben nëmmen duerch géigesäiteg Ënnerstëtzung geléist kënne ginn. Dobäi ginn ënner anerem Kommunikatioun, Vertrauen, Responsabilitéit, Perspektivwiessel an de sozialen Zesummenhalt an der Klass gefërdert.
D’Aktivitéite ginn dem Alter, der Gruppendynamik an de Besoine vun der Klass ugepasst a kënnen och gezielt un aktuell Themen oder Situatiounen am Klassesall ugeknäppt ginn.
Zilgrupp: Cycle 2–4
Duerchféierung: Mobil duerch ganz Lëtzebuerg
Dauer: Variabel, mindestens 3 Stonnen; eemoleg oder als Serie vu méi Atelieren
Remarque: Kombinéierbar mat aneren Themen