All Kand huet d’Recht, viru Gewalt an all hire Forme geschützt ze ginn. Dat steet am Artikel 19 vun der UN-Kannerrechtskonventioun.
D’Schoul spillt hei eng entscheedend Roll, well si d’Méiglechkeet bitt, Kanner fréi a reegelméisseg ze stäerken an ze sensibiliséieren. Fir dat z’erméiglechen, huet de SCRIPT 2022 de Präventiounsprojet ChmenKi! entwéckelt.
6 Grondprinzippien:
- Mäi Kierper gehéiert mir.
- Ech ënnerscheeden tëscht gudden, schlechten a komesche Beréierungen.
- Ech vertraue menge Gefiller.
- Ech däerf Nee soen!
- Ech ënnerscheeden tëscht gudden a schlechte Geheimnisser.
- Ech däerf a soll mir Hëllef siche goen.
Dës Prinzippie ginn duerch Aarbechtsblieder, Lidder an Theateraktivitéiten thematiséiert. Den Atelier gëtt zesumme mam Enseignant oder der Enseignante ofgehalen a dauert:
- bis zu 2h fir de Cycle 1
- bis zu 2h30 fir de Cycle 2
- bis zu 3h30 fir d’Cyclen 3 a 4
D’Eltere kréien am Viraus en Informatiounsbréif.
Pedagogescht Material
- En Dossier pédagogique mat 24 Aktivitéiten (Cycle 2 a Cyclen 3–4) begleet de Projet. En ass bestellbar iwwer de Catalogue : Matériel didactique vum Educatiounsministère 2026-2027. Virum Atelier sollt den Dossier fir all Schüler a Schülerin bestallt ginn.
- Fir de Cycle 3 gëtt et zousätzlech d’Geschicht ‘A wien ass dann hei de Chef?’, op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch.
- D’Material ass och digital um Internetsite heydoo.lu ze kréien.