Escher Theater – Spectacle Heka

Entschëllegt, et gëtt keng lëtzeboiesch Versioun vun dësem Text.

Auf mehr als 6.000 Aufführungen kann die Kompanie Gandini Juggling zurückblicken. Nun präsentiert die Truppe unter Federführung des visionären Illusionisten Yann Frisch ihr neuestes Meisterstück voller Verwirrung, Täuschung und Verwandlung, angelehnt an die Tradition des Cabarets. Sieben Zirkuskünstler:innen lassen Bälle auftauchen und verschwinden. Reifen schneiden durch die Lüfte, Ringe schweben wie von Geisterhand über der Bühne und wechseln dabei die Farben. Wir trauen unseren Augen nicht, denn dieser Abend im Zeichen der Jonglage ist ein großes, heiteres Geschenk, in Anlehnung an Heka, den altägyptischen Gott der Magie.

Reservéierungs ufro: Heka – Escher Theater

Industrielle Revolution – Willkommen in der Bonbonfabrik

Die Industrielle Revolution hatte im 19. Jahrhundert auch in Diekirch deutliche Spuren hinterlassen. Unterschiedliche Firmen, Fabriken und Geschäfte existierten zu jener Zeit. Unteranderem auch die Bonbonfabrik von Auguste Richard. Zusammen erleben wir, wie aus Ideen und Zutaten einzigartige Bonbons entstanden und vermarktet wurden.

Unkraut oder Nutzpflanze?

Hat jede Pflanze einen Nutzen oder ist die Hälfte doch nur Unkraut? Dies gilt es im Workshop „Unkraut oder Nutzpflanze“ herauszufinden. Wir entdecken die Diversität von unterschiedlichen Pflanzen und lernen im kleinen Museumsgarten diese zu bestimmen. Und damit das errungene Wissen nicht verloren geht, legen wir anschließend ein einzigartiges Klassen-Herbarium zum Mitnehmen an!

 

Der Workshop wird von April bis Juli angeboten.

Applaus Theaterspiller

Theater an der Schoul ass méi wéi just Theater!

Mir spillen ee ganze Dënschdeg Moien zesummen Theater. Vill verschidden Exercicer an Übunge

mat villfältegen Objektiver an Ziler, ganz spilleresch an intuitiv. Theater an der Schoul ass

nämlech méi wéi just Theater. Mir entdecken a fërdere wichteg Schlësselkompetenzen déi

mir och an anere Fächer, an iwwerhaapt och an eisem Liewen allgemeng, uwende kënnen.

• Sech trauen, sech vertrauen, deem aneren trauen a vertrauen
• Spaass zesummen hunn a sech an déi Aner respektéieren
• richteg kommunizéieren, sech positiv a kritesch austauschen, seng Meenung soen
• präsent an iwwerzeegent sinn
• virun anere schwätzen, seng Angscht akzeptéieren an Dës an de Grëff kréien
• konzentréiert sinn a seng Konzentratioun selbstänneg a responsabel steiere léieren
• aner Rollen a Charakteren ausprobéieren
• de Kierper aktivéieren a sech bewosst beweegen
• kreativ Iddien hunn, improviséieren a sech fräi fillen
• als Klass zesummewuessen, zesumme laachen
• stolz op sech sinn, seng eegen Erwaardungen iwwertreffen
• Applaus ginn a kréien
• sech weiderentwéckelen an a sengem Schoulalldag wuessen

Den Atelier inspiréiert sech un der Iddi vun engem Gesellschaftsspill wou et zousätzlech och spilleresch drëms geet Punkten ze sammelen a verschiddenen Themeberäicher vun der Theaterpedagogik. D’Klass an och d’Léierpersoun sollen um Enn nei Pisten hu fir hire Schoulalldag villsäiteg ze beräicheren.

Pixel Animator

Pixel Animator ass e kreativen Workshop, an deem d’Participanten d’Méiglechkeet hunn, e Gerät zesummenzestellen, dat ähnlech ass wéi een ‘digital Etch A Sketch’ an wat et hinnen erlaabt, Pixel-Konschtanimatiounen op engem 8×8-Bildschierm ze kreéieren, déi si duerno kënne benotzen, fir hir eege Kreatiounen ze animéieren.

D’Participanten léieren d’Grondlagen vun der Elektronik a kréien en Abléck, wéi elektronesch Apparater funktionéieren (wat en Encoder, e Joystick an e Microcontroller sinn, an wéi eng LED-Matrix funktionéiert). Am leschte Deel vum Workshop léieren si, wéi een hir eege digital Kreatiounen Bild fir Bild zeechent an animéiert.

D’Participanten kënnen hiren Pixel Animator duerno heem huelen, fir hir kreativ Exploratiounen weiderzeféieren.

En eenzegaartegen Workshop, entworf fir all Altersgruppen ab 9 Joer.

Zeechne mat der Sonn – Cyanotypie-Workshop

D’Schülerinnen a Schüler entdecken, wéi si mat der Cyanotypie-Technik en originellt, monochromt blot Konschtwierk schafe kënnen, just mathëllef vum Sonneliicht oder UV-Luuchten. Et handelt sech hei ëm e Fotogramm (also eng Foto, déi ouni Kamera gemaach gëtt), deen duerch de Schiet vun engem Objet op liichtempfindlechem Pabeier entsteet. D’Participanten experimentéiere mat verschiddene Kompositiounen an huelen hir eege Wierker mat heem.

JURY ENFANTS

DE FESTIVAL SICHT:

  • eng Schoulklass mat Schüler/-innen tëscht 9-11 Joer,
  • vun hirem Léierpersonal begleet.
  • D’Klass ass invitéiert wärend dem Festival an de Kinossäll 5 Filmer (op däitsch an/oder franséisch) ze kucken an z’analyséieren.

De “Prix du Jury enfants” gëtt op der offizieller Schlusszeremonie am Kinepolis Kierchbierg bekannt gemaach.

What’s Your Story? – Eng Rees an d’kollektiivt Gediechtnes

What’s Your Story? invitéiert d’Schüler.innen dozou, hir perséinlech Familljegeschichten ze erfuerschen an ze erzielen. Am Zentrum vun hire Geschichte stinn déi Reesen an Deplacementer, ob fräiwëlleg oder gezwongen, déi si an hir Familljen erlieft hunn. Esou entdecken d’Participanten d’Wichtegkeet vun den Archiven an d’Erhalung vum kulturelle Patrimoine, esou wéi d’Zesummespill vu perséinlecher a kollektiver Erënnerung.

De Projet start mat enger Visitt vun den Archive vum CNA, bei där d’Participanten déi pedagogesch Ekipp vum CNA an d’Fotografin Neckel Scholtus kenneléieren. Duerno solle si d’Vergaangenheet vun hirer Famill erfuerschen, an Dokumenter an Temoignage sammelen, fir déi Geschicht ze erzielen. Esou konstruéieren d’Schüler.innen eng perséinlech Erzielung, déi aus Archivfotoen an -dokumenter, engem Selbstportrait an enger Audioopnam besteet. Hir Kreatioune ginn duerno als Deel vun enger kollektiver Installatioun presentéiert, fir datt déi eenzel Erzielung zu enger kollektiver Geschicht bäidréit.

Maach däin eegene Film

An dësem prakteschen Atelier entdecken d’Schüler.innen all d’Aspekter vun engem Filmdréi. Vun der Kameraaarbecht iwwer d’Schauspill bis hin zum Dréibuchschreiwen an dem Tounopnamen, léieren si alles, wat et bei dëser aussergewéinlecher Konschtform ze wësse gëtt.

Ofhängeg vun de Sessiounen an der disponibeler Zäit kënnen d’Klassen entweder eng Rei Zeenen filmen oder hiren eegenen originelle Kuerzfilm produzéieren. De Projet ass op d’Zuel vun de Schüler an hiert Erfaarungsniveau zougeschnidden.

Portraitsfotoen an alle Formen

E kënstlereschte Portrait ass vill méi wéi nëmmen eng Passfoto: En erzielt eng Geschicht. Dësen Atelier iwwer  Portraitsfotoe wëll d’Schüler.innen am Prozess vun der Kreatioun vun hirem eegene Portrait begleeden: Kompositioun, Opstellung, Beliichtung, Perspektiv vu vir, vun hannen, am stoen oder am sëtzen, am Studio oder an enger natierlecher Ëmwelt… D’Schüler.innen léieren all d’Geheimnisser, fir e fotografesche Portrait, dee si wierklech duerstellt, ze realiséieren.